Adventskalenneren: Esou eppes hate mer nach net …

Wéi Kremart Enn 2021 – nach ënnert deem massiven Androck vun der Pandemie – decidéiert huet, en Adventskalenner vum bekannte brittesche Kannerbuchverlag Usborne mat 24 klenge Kannerbicher dran op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen a selwer erauszebréngen, war dat schonn eng riskant Decisioun fir esou e klenge Verlag: Et war nämlech net nëmme vill Aarbecht bannent immens kuerzer Zäit, et war och e finanziellen Engagement, dee relativ héich war.

Ëm esou méi frou war Kremart, wéi een am Laf vum Joer gesinn huet, datt den Interessi vun de Librarië grouss wier. (Léif Librairen, mir sinn Iech nach ëmmer immens dankbar dofir!)

Wéi d’Kalenneren dunn am Summer op Lëtzebuerg geliwwert goufen, war de Verlag eenzock begeeschtert an d’Lieser an d’Lieserinne waren et ZUM GLÉCK och direkt, well no engem knappe Mount ware keng Kalennere méi ze kréien.

D’Nofro war esou grouss, datt de Verlag verzicht huet, selwer Kalenneren ze verkafen, en huet se all de Librairien zur Verfügung gestallt.

Dat erkläert dann och, firwat Kremart keng Adventskalennere méi op de Walfer Bicherdeeg konnt verkafen – wat eis wierklech leedgedoen huet a mir entschëllegen eis och dofir, mee de Rush war esou grouss, esou eppes hate mer nach net.

Dës Geschichte sinn iwweregens am Kalenner

2023: Ee rouden an ee bloen!

Et gëtt awer och eng gutt Nouvelle: Mir loossen dee rouden “Adventskalenner mat Kannerbicher” net nëmmen nodrécken, mir iwwersetzen och nach een zweete bloen Adventskalenner, esou datt mer am Hierscht 2023 zwee verschiddener kënnen offréieren.

Déi, déi wierklech op Nummer sécher wëlle goen, kënnen se och schonn elo virreservéieren – entweeder an Ärer Librairie, wa si dat mécht, oder direkt beim Verlag. 2022 huet dee roude Kalenner mat 24 Bichelcher dran nëmme 25 Euro kascht, mir bieden ëm Versteesdemech, datt mer 2023 wuel mussen op 27 Euro eropgoen. Mir packen dat soss einfach net …

 

Déi 4 Säite mat den Diere vum rouden Adventskalenner (November 2022)