DE FLÉIEPËLZ krut de Buchpräis 2022!

Ganz häerzlech felicitéiere mir dem Pit Schlechter an dem Pit Weyer, déi mat hirem Buch “De Fléiepëlz” de Buchpräis 2022 an der Kategorie Literatur gewonnen hunn!

Beim Optakt vun de Walfer Bicherdeeg 2022 goufen d’Buchpräisser verginn. Op der Foto hei drënner den Auteur Pit Schlechter (2. vu lénks) zesumme mat senger Fra, an der Mëtt d’CNL-Direktesch Nathalie Jacoby a riets en Deel vum Jury.

Hei drënner déi zwee Pitten, den Auteur Pit Schlechter an den Illustrateur Pit Weyer (riets). A keng Angscht, se sinn net esou wéischt, wéi se drakucken!

An der Kategorie Literatur war mam Maxime Weber sengem Speculative-Fiction-Roman “Das Gangrän” nach en zweet Buch vu Kremart nominéiert.

An an der Kategorie Kannerbuch hat dem Jil Winandy säin “A wann …? D’Geschicht vum Fuuss a vum Schleek” et bis an déi lescht Selektioun gepackt. (Gewonnen huet hei d’Buch “Watgelift?” vu PersPektiv Editions.)