2023 gëtt FAARWEG! (Hoffentlech)

Léif alleguer,

hoffentlech gëtt 2023 e faarwegt Joer. Mir maachen op alle Fall eist Bescht, fir Faarf an d’Spill ze bréngen! 🏳️‍🌈

An dat mat dëse Bicher 📚:

1. WÉI EEN E REEBOU FÄNKT   🌈 🌈 🌈

Eis éischt neit Buch fir dat neit Joer ass eis éischt SUPERFLOTT Koproduktioun mat “Oxford University Press”: D’Frutz huet Reebéi immens gär. Et ass frou mat hire blénkege Faarwen a mat hire geschwongene Formen. Méi wéi alles anescht wënscht et sech, datt et selwer een hätt. Dofir wëll et ee fänken. Villes leeft dobäi awer net esou wéi geduecht an d’Frutz ka sech säi Wonsch just mat Kreativitéit a mat Virstellungskraaft erfëllen.

Wéi een e Reebou fänkt
Naomi Jones (Text), Ana Gomez (Illustratiounen)
Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-2-919781-38-6
32 Säiten • 18 €

Wa mer scho vu FAARWEN 🏳️‍🌈 a REEBÉI 🌈 schwätzen,
musse mer awer och nach op dës Bicher opmierksam maachen:

 

2. DEN ELMAR AN DE REEBOU   🌈 🐘 🌈 🐘 🌈 🐘

An dëser Aventure op Lëtzebuergesch muss dem David McKee säi faarweg karéierten Elefant dem Reebou hëllefen, deen ass nämlech verblatzt – an dat mécht den Déieren Angscht. Geléngt et dem Elmar, dem bleeche Reebou nees Faarf ze ginn? Eng klassesch Geschicht iwwer Deelen a Matginn.

David McKee
Den Elmar an de Reebou
ISBN 978-99959-39-87-8
28 Säiten • 12,95 Euro

 

3. GUCKUCK, KLENGE CHAMÄLEON   🦎

En herrlecht Buch vum Anita Bijsterbosch mat Kartongssäiten: “Guckuck, klenge Chamäleon” ass eng Sich-a-fann-Geschicht voller Faarwen, Zuelen an Déiere fir Kanner vun 30 Méint un, mat engem spezielle Fokus op d’Sproochentwécklung. D’Mamma Chamäleon an dee klenge Chamäleon spille Stoppches. Dee klenge Chamäleon spillt dat immens gär. Hie kennt e puer extra Tricken, fir sech ze verstoppen. Kanns du hëllefen, dee klenge Chamäleon ze fannen?

Anita Bijsterbosch
Guckuck, klenge Chamäleon
ISBN 978-99959-39-73-1
18 Säiten aus Kartong • 14,95 €

 

4. FANGER-STEMPELEN: MONSTEREN   🧛 👽 🤖 🎃 👻 🧌

Endlech neie Spaass mat Fangerstempelen! Nom mega Succès vu “Fanger-Stempelen: Déieren”, dat virun e puer Joer eenzock vergraff war, gëtt et elo den Nofollger: “Fanger-Stempelen: Monsteren”. Och dëst Buch stécht voller Iddie fir faarweg Fangerofdréck an et ass och genuch Plaz dragelooss, fir der Fantasie vun deene Klenge fräie Laf ze loossen. Nees nom Motto: Faarwen + Fangeren = Furri!

Fanger-Stempelen: Monsteren
Mat 7 Stempelkëssen!
Illustratiounen: Candice Whatmore, Texter: Fiona Watt, Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-2-919781-35-5
64 Säiten, 16 Euro

📕📗📘📙 = Gëtt dat da kee flotte Geschichten-Owend? 🌈🌈🌈 😍😍😍