“Lëtzeboia Paranoia”: Liesung den 28. Februar am CNL zu Miersch
Et geet vill ëm d’Lëtzebuerger Sprooch am Wierk De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis Pictus vum Pit Schlechter (Kremart Edition 2022) an am Roman Schnatt vum Guy Rewenig (Éditions Guy Binsfeld 2022): Déi zwee Auteure liese virun allem Passagen, déi dës Gemeinsamkeet eraussträichen – och wann déi zwee Bicher formal an inhaltlech ganz verschiddenaarteg sinn.
Tëscht hire kuerze Liesungen diskutéieren d’Auteure mateneen, ë. a. iwwert déi ongesond Vermëschung vu Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus, iwwert den allgemenge Verloscht vun der Ironiefäegkeet an iwwert Identitéitspolitik (Stéchwierder: “cancel culture” a “wokeness”).
Et däerf een elo scho gespaant sinn, wat déi zwee “al wäiss Schreiwerte” Rewenig a Schlechter zu den aktuelle gesellschaftlechen Debatte bäizedroen hunn. Vläicht hu si et jo fauschtdéck hannert den Oueren a gräifen och am CNL zu hirer léifster Waff: der Satir.