Lauter Liesungen …

Mir freeën eis, Iech op eng ganz Rëtsch Liesungen an den nächsten Deeg, Wochen a Méint hinzeweisen. Fir Kleng a Grouss!

– Samschdeg, 1. Abrëll ëm 11 Auer zu Lënster: Liesung fir Kanner


– Sonndeg, 2. Abrëll ëm 14:30 an ëm 15:15 Auer zu Biwer:
Liesung fir Kanner (3-7 Joer) an dono fir Erwuessener


– Samschdeg, 22. Abrëll ëm 10:30 Auer zu Lënster: Liesung Pit Schlechter, “De Fléiepëlz”

– Sonndeg, 23. Abrëll ëm 15 Auer zu Beetebuerg: Liesung Jackie Messerich zesumme mam Claire Schmartz – am Kader vum LiteraTour sinn deen Dag ganz vill Liesungen zu Beetebuerg

– Dënschdeg, 25. Abrëll zu Leideleng: Soirée littéraire (Detailer kommen no)

– Dënschdeg, 2. Mee am CNL zu Miersch: Prix Arts et Lettres vun der Section des Arts et des Lettres vum Institut grand-ducal fir de Maxime Weber (“Das Gangrän”) >>

– Freideg, 12. Mee zu Biekerech (um Bichermaart): Kannerliesungen ëm 17:30, 18:00, 18:30 Auer

– Sonndeg, 14. Mee um Kass-Haff zu Rolleng bei Miersch: Liesunge fir Kanner ëm 16 an ëm 17 Auer

– Samschdeg, 27. Mee zu Lënster ëm 11 Auer: Liesung vun ELMAR-Geschichten, alen an neien!