Liesmatinée zu Lënster (22. Abrëll) a Soirée littéraire zu Leideleng (25. Abrëll)

Kremart freet sech, Iech op zwou Liesunge fir Erwuessener anzelueden:

 

E Samschdeg, den 22. Abrëll 2023 ëm 10:30 Auer

De Pit Schlechter, Auteur vum „Fléiepëlz“ a Buchpräis-Gewënner 2022, liest an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel „Am Duerf“ zu Jonglënster

Programm: No enger kuerzer Virstellung vum Auteur vu Schous duerch de Luc Marteling liest de Pit Schlechter e Grapp Texter aus sengem priméierte Bestseller „De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis Pictus“. Dora mécht de Knouterwiichtel den Uz mat den Naupe vun de Leit a passt op, datt mat der Sprooch keng Schëndlouder gedriwwe gëtt. (Dat ënnersträicht jo well den Titel vu sengem Wierk.) Freet Iech op eng Stënnche voller Wuertspillereien a mat villen ënnerhalsame Momenter!

No der Liesung signéiert de Pit Schlechter säi Buch an de Verlag offréiert eng Kippchen. Entrée fräi.

 

 

En Dënschdeg, 25. Abrëll 2023 ëm 19:30 Auer

Soirée littéraire zu Leideleng „An der Eech“ mam Jackie Messerich (Pappendag), Bob Kieffer (Rachel) a Pit Schlechter (De Fléiepëlz)

Dräi Auteuren, dräi Theemen, dräi Stiler: DʼSoirée littéraire vum Cercle Culturel & Historique de Leudelange versprécht vill literaresch Ofwiesslung. Loosst Iech ënnerhalen an iwwerraschen!

Den Optakt mécht dʼJackie Messerich, dat no Tunnel of Love am Joer 2018 (Smart-Buch 19) elo mat Pappendag eng zweet Kuerzgeschicht publizéiert huet, déi Kéier an der Timba-Rei (nees dʼNummer 19): Wat wësse mir iwwer eis Pappen? Wat wousste si iwwert eis? Wéi gesi mir se elo, wou se net méi do sinn? E Kaleidoskop vun Andréck, Momentopnamen a Souvenire versicht, e perséinlecht Bild vu Pappen ze zeechnen, wéi se an der Erënnerung vu siwen Duechtere weiderliewen, an illustréiert esou déi eenzeg-aarteg Bezéiung tëscht hinnen. All anescht an awer esou änlech …

Och de Bob Kieffer ass e Recidivist: No senger mysteriéiser Kuerzgeschicht Roswell (Smart 11) léisst hie sech am Timba-Bichelche 16 mam Titel Rachel op en Neits vun der Science Fiction faszinéieren – awer virun engem eeschten Hannergrond: Muss ee stierweskrank ginn, fir sech d’Fro ze stellen, wat engem wierklech wichteg ass? Wéi de Pol gewuer gëtt, dass en nach just sechs Méint ze liewen hätt, mécht en sech op eng lescht, ganz onprobabel Rees, déi e vu Lëtzebuerg iwwer Las Vegas bis op Rachel am US-Bundesstaat Nevada féiert. E verluerent Nascht matten an der Wüüst, net wäit vun der Area 51 ewech a voller Rumeuren iwwer ausserierdescht Liewen …

Den Ofschluss mécht de Pit Schlechter, deem seng Textsammlung 2022 mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur ausgezeechent gouf: Wéi eng gëfteg Mouk op hirem Fléiepëlz huckt hei en ale Knouterwiichtel an sengem Grant a katapultéiert onappetitlech Pefferkären an nostalgesch Kamellen iwwer d’Remparte vum politesch Korrekte mëtten an seng kathoulesch Heemecht, duer, wou se am lëtzebuergeschsten ass. Mee hannert deem Knouterer verstoppt sech en Auteur, deen seng Lieser ëmmer erëm mat engem Gemësch vun Tatsaachen a Fakenews hannert d’Liicht féiert an se mat neien ale Wierder respektiv „richtegen“ a „falschen“ Ausdréck veronséchert … an un dʼLaache bréngt. Garantéiert!

DʼSoirée littéraire ass en Dënschdeg, de 25. Abrëll ëm 19:30 Auer am Centre culturel et sociétaire „An der Eech“ zu Leideleng. Den Entrée ass fräi. No der Soirée gëtt en Éierewäin offréiert.

Organiséiert vun der ASBL Cercle Culturel & Historique de Leudelange an Zesummenaarbecht mam Verlag Kremart Edition