September-Oktober: 3 Liesunge fir Kanner an der Lënster Bibliothéik

D’Schoul fänkt nees un an d’Bibliothéik gëtt nees lieweg: Fir d’Rentrée 2023 gëtt et direkt 3 verschidde Liesunge fir Kanner an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel „Am Duerf“ zu Jonglënster (Flyer/PDF).

Samschdeg, 30. September:
Déi kleng Prinzessin an de Kuakerino
Gelies vum Christiane Kremer
Déi kleng Prinzessin: Ech war dat net!
Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn!
De Kuakerino – E Fräsch wëll an de Ballet
☞ Deen Dag ass och Lënster Maart!

Samschdeg, 7. Oktober:
De Wëllefchen an de Fiisschen
Fir den 200. Gebuertsdag vum Edmond de la Fontaine, besser bekannt als Dicks (1823–1891), liest de Luc Marteling säin herrlecht Gedicht. Och fir méi grouss Kanner! (De Flyer am PDF.)

Samschdeg, 14. Oktober:
Zwee Elmaren an eng GANZ NEI Geschicht
Gelies vum Luc Marteling
Den Elmar an de verluerene Schatz
Den Elmar an d’Course
Wéi een eng Geschicht erfënnt

Allkéiers ëm 11 Auer
Sprooch: Lëtzebuergesch
Dauer: ronn 45 Min.
Entrée fräi!

www.lensterbibliotheik.lu