3 Rendez-vousen am November: Walfer, Miersch, Mamer

No Allerhellege gëtt et eescht fir d’Buchbranche, dofir hei e klengen Iwwerbléck:

 

1. Walfer Bicherdeeg

Déi sinn dëst Joer den 18. an 19. November. Samschdes vun 10 bis 19 Auer a sonndes vun 10 bis 18 Auer. De Motto 2023 heescht: “D’Welt zielen, d’Welt liesen.”

Kremart ass wéi all Joer mat um Dill, Dir fannt eis an der grousser Hal vun de Verlagen an och an der Hal “Books for Kids”. (Jo, mir hunn iwwerall Adventskalenneren derbäi.)

Hei fannt Dir de Programm vun de Walfer Bicherdeeg 2023 (PDF)

Scho virum Bicherdeeg-Weekend gëtt et schonn interessant Termäiner:

  • Dienstag, den 7. November um 19 Uhr im CAW: Wer kriegt den Buchpräis?
    Entdecken Sie die Shortlist in der Kategorie Sachbuch!
    In Kooperation mit der BnL. Eintritt frei
  • Donnerstag, den 9. November um 19 Uhr im CAW: Wer kriegt den Buchpräis?
    Entdecken Sie die Shortlist in der Kategorie Literatur!
    In Kooperation mit dem CNL. Eintritt frei

Iwwereecht gëtt de Buchpräis am Kader vun der offizieller Ouverture vun de Bicherdeeg en Donneschdeg, 16. November.

Bis den 10. November kënnt Dir nach fir de Publikumspräis ofstëmmen an zwar op buchprais.lu.

 

2. Zéng Joer Kremart zu Miersch am CNL

“Eng literaresch Virwëtztut fir 10 Joer Kremart Edition”: Dat gëtt et en Donneschdeg, 23. November ëm 19:30 Auer zu Miersch am Literaturarchiv. 10 Auteuren an Auteurinne liesen aus hire Kremart-Wierker, ausgewielt aus

90+ Kannerbicher
70+ Erwuessenebicher
44 Auteuren an Auteurinnen
7 Illustrateuren an Illustrateurinnen
3 Sproochen

Virwëtzeg? Da kommt laanscht a loosst Iech iwwerraschen!

 

3. Kannerbicher-Maart zu Mamer

De « Marché du Livre pour Enfants » ass e Samschdeg, de 25. November zu Mamer am Kulturzenter Kinneksbond.

Do kann ee Bicher kafen, et kann een awer och Geschichten nolauschteren, hei de Plang:

14:15 | Marc Weydert / Marie-Isabelle Callier : Verdruddelt Geschichten / Zerknujelt Geschichten (LU)
14:45 | Chris Naylor-Ballesteros / Vanessa Gabriel : D’Wallis vum friemen Déier (LU)
15:15 | Jacques Kremer : Happy Hoppel an de Wollef (LU)
15:45 | Julia Donaldson / Axel Scheffler : Den Här Äschtchen (LU)
16:15 | Anja Di Bartolomeo / Snejana Granatkina : Toni Konfettoni (LU)
16:45 | Tullio Forgiarini / Claude Grosch : Bonnie (LU & FR)
17:15 | Yorick Schmit: Wéi een de Korona-Klautjen an anert frecht Gedéieschs verjot. E Guide fir Ufänger vum Lizzie (an der Bomi) (LU)

Kremart ass zu Mamer mat engem Stand vertrueden a freet sech op Är Visitt!