KATALOG 2024: Hei de PDF eroflueden!

“Déi zweet Dekad”, esou den Titel vun eiser Preface an eisem neie Katalog 2024 10 Joer Bicher, déi Freed maachen. Dee kënnt Dir hei als PDF an niddreger Qualitéit (72 ppi/13 MB) eroflueden. Dir kënnt en awer och beim Verlag iwwer Mail bestellen (kontakt@kremart.lu) oder frot an Ärer Librairie dono, mir stellen hinnen der gären zur Verfügung. En ass natierlech gratis.

Elo awer hannescht zum Katalog-Virwuert:

Mat e bësse Luucht an der Däischtert fänkt Kremart d’Joer 2024 un: Am Januar brénge mer nämlech déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Kannerbuch RAY – En Insekt weist de Wee eraus. Et ass eng weider Zesummenaarbecht mam Verlag Oxford University Press.

Méi eng opwänneg Iwwersetzung hu mer wëlles, virum Summer virzestellen: MAUS vum Art Spiegelman. An um Enn vum Joer kënnt der Iech nieft dem rouden an dem bloen Adventskalenner och nach op e magesche freeën: mat 24 klenge Molbicher, wou ee mat e bësse Waasser aus Schwaarz-wäiss-Virlagen déi faarwegst Chrëscht-Motiver kann zauberen. Sidd gespaant!

Och eege Wierker sinn ewell an der Maach: e Buch mat Kuerzgeschichten aus der spatzer Fieder vum Jean-Paul Maes an den Ofschloss vun eiser Rei Timba – Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch, wou no 24 Bichelcher Schluss ass.

Aus eiser Siicht: lauter Highlighten! An dat am Joer 11 vun eisem Bestoen.

Ob soss nach Saachen derbäikommen? Zimmlech sécher … ma mer wëllen net alles verroden a mer mussen och emol kuerz Loft huelen, well mer hu wierklech alles gemaach, fir eisen zéngte Gebuertsdag net just op Pabeier, mee mat flotte Bicher a coole Projeten ze feieren: mam Roman Béischten vum Jemp Schuster zu Helleng beim Camille Kerger, mat der Textsammlung Nuebelschnéier vum Jean Back zu Maacher am Stued-Theater, mam
Luc François sengem Roman noir Wasserstand zu Waasserbëlleg an der La-Palma-Bar, mat direkt dräi neien Timba-Bichelcher (den Nummeren 20, 21 an 22) op de Walfer Bicherdeeg, mam Tullio Forgiarini a Claude Grosch hirem Kannerbuch Bonnie, dat et an zwou zweesproochege Versioune gëtt (lëtzebuergesch-franséisch a lëtzebuergeschenglesch), mat engem rouden an engem bloen Adventskalenner mat allkéiers 24 verschiddene Märercher op Lëtzebuergesch dran, mat enger ganzer Rëtsch iwwersatene Kannerbicher, enger Partie
Nodréck an enger Hellewull Liesunge fir Kleng a Grouss queesch duerch d’Land.

Dat war flott a mir soen Iech all Merci fir Ären Interessi! Merci deenen, déi geschriwwen hunn, déi korrigéiert a lektoréiert hunn (absënns dem Myriam Welschbillig), déi gelayout hunn (Creative Corner vu Maacher an natierlech eisem treie Sacha Heck), déi gedréckt hunn (Imprimerie Centrale, Reka, Typo95 …), déi ënnerstëtzt hunn (apaart dem Focuna), déi diffuséiert hunn, déi verkaaft a kaaft hunn a besonnesch deenen, déi gelies / virgelies hunn: Kremart gëtt et duerch Iech a fir Iech!

Zum komplette Bild gehéiert awer och, datt et net ëmmer einfach ass. D’Buchbranche ass bescheiden, a fir e gutt Buch ze maachen, brauch een Iddien, Geschichten an Know-how. A virun allem och Zäit a Suen, mee dovunner huet een – leider – seele genuch. Dat erkläert zum Beispill och, firwat mer bei Manuskripter net ëmmer direkt reagéieren: Mir kréien der zéng Mol méi, wéi mer der als benevolle Verlag iwwerhaapt kënne kucken, vum Editéiere guer net ze schwätzen … Sorry!

Ma wa Kannerae fonkelen an d’Käpp vun den Erwuessenen Interessi, Zoustëmmung, Luef signaliséieren, da baut dat op, da motivéiert dat op en Neits. Dofir gi mer eis nach e bëssen drun an zwaffen hoffentlech nach esou muncht flott a gutt Buch. Fir datt aus eiser zweeter Dekad keng Dekadenz gëtt, mee Kremart weider eng gutt Lies garantéiert.