10 Joer Kremart am CNL

“Eng literaresch Virwëtztut fir 10 Joer Kremart Edition” gouf et en Donneschdeg, 23. November ëm 19:30 Auer zu Miersch am Literaturarchiv.

10 Auteuren an Auteurinnen hunn aus hire Kremart-Wierker gelies, ausgewielt aus

90+ Kannerbicher
70+ Erwuessenebicher
44 Auteuren an Auteurinnen
7 Illustrateuren an Illustrateurinnen
3 Sproochen

Erauskomm ass dobäi en – pardon – sauflotten Owend.

VILLMOOLS MERCI alle Gäscht, den Auteuren an Autorinnen, dem Sacha Heck um Piano, natierlech de Lieser a Lieserinnen a besonnesch dem Nathalie Jacoby an der ganzer Ekipp vum CNL!