D’DINOE SINN UN: 3 nei Kannerbuch-Iwwersetzunge vu Kremart

Léif Leit alleguer,

virun der Buchmesse elo am Oktober a virun de Bicherdeeg am November freet sech Kremart, Iech dräi nei Dino-Bicher fir Kanner virzestellen: eent mat vill Witz, eent mat drolege Pop-uppen an eent mat e sëllegen Infoen op Lëtzebuergesch. Der Rei no:

 

1) Déi wouer Geschicht vun den Dinosaurier

E Buch iwwer Dinosaurier … mat engem Hong vir drop? Firwat dat esou ass, dat fannen déi jonk Lieser a Lieserinne séier raus. Dëst Buch ass nämlech e witzegen Tour duerch déi formidabel Welt vun den Dinosaurier. Fir jidderee vu 4 Joer bis 250 Millioune Joer.

Kremart bréngt mat “Déi wouer Geschicht vun den Dinosaurier” eng nei Iwwersetzung vun engem Buch vum belschen Auteur an Illustrateur Guido Van Genechten eraus. Eng ganz Partie vu senge Geschichten, dorënner “Däerf ech an deng Lomp luussen?”, “Däerf ech an däi Bett luussen?” an “De Geescht Gubi”, goufen ewell op Lëtzebuergesch iwwersat an hu fir vill Freed bei klenge Lieser a Lieserinnen a grousse Virlieser a Virlieserinne gesuergt.

Déi wouer Geschicht vun den Dinosaurier
Text an Zeechnungen: Guido Van Genechten
Iwwersetzung: Christiane Kremer
ISBN 978-2-919781-72-0 • 28 Säiten • 18 Euro

 

2) Wien huet d’Dinoe rausgelooss?

Prett fir lëschteg Iwwerraschungen an engem peppege Pop-up-Buch? Da lass! Well dat hei ass e Buch fir dran ze luussen, awer just wann ee sech traut! Et ass dat éischt Pop-up-Buch vu Kremart … an et hieft een d’Klappe bannendra besser net op, well soss kéinten d’Dinosaurier undrécken! Déi fënnef faarweg Panoramasäite garantéieren en Heedespaass.

Wien huet d’Dinoe rausgelooss? Droleg Pop-uppen
Text: Sam Taplin
Pabeiertechnik an Design: Jenny Hilborne
Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-2-919781-69-0 • 10 Säiten • 18 Euro

 

3) Wat? Wéi? Wou? Mäi Billerlexikon: D’Dinosaurier

E weidert Buch aus der Kremart-Serie “Wat? Wéi? Wou?” mat Äntwerten op Froe wéi: Wat hunn d’Dinosaurier gefriess? Wéi grouss war en Dino-Ee? A gouf et Dinosaurier och am Mier? D’Wiesen aus der Urzäit faszinéiere schonn déi Klengst. Mee wou hunn d’Dinosaurier gelieft a wéi hu se sech verdeedegt? Eng Entdeckungsrees mat plakativen Illustratiounen a kuerzen Texter op Lëtzebuergesch.

Iwwer d’WWW-Serie (a Kooperatioun mat Ravensburger): “Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon” – esou heescht dës Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttelt. An dat op eng spilleresch Aart a Weis: mat groussen an eendeitege Biller, mat kuerzen an einfachen Texter a mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen. D’Biller-Lexikone si fir Kanner vun ongeféier 2 Joer un: Se si faarweg, praktesch an informativ, se hu Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen a se hunn eng bequeem Spiralbindung. An der Serie sinn ausserdeem nach ze kréien: “Fäertereg, rosen, frou sinn” an “Wat iesse mir?“.

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: D’Dinosaurier
Illustratioun an Text: Angela Weinhold
ISBN 978-2-919781-67-6 • 16 Säiten • 16 Euro