Ouschterméindeg zu Leideleng: Ray a Rondel, Ballon a Bees

Zackeg Geschichten an enger faarweger Liesung … oder literaresch Ouschtereeër! Kommt an entdeckt véier Kuerzgeschichten aus der TIMBA-Serie an enger ofwiesselungsräicher Liesung op Lëtzebuergesch:

Romain Haas: Am Ballon iwwer Lëtzebuerg, Timba 20

Cathy Clement: Rondel, Timba 21

Jérôme Netgen: Komm zeréck, Stevie Ray, Timba 23

Christiane Kremer: Gëff mer keng Bees, Timba 24

Moderatioun: Luc Marteling

No der Serie SMART mat antëscht méi wéi 37.000 verkaaften Exemplairen huet Kremart Edition seng zweet Serie mat Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch elo ofgeschloss: TIMBA si 24 Bichelcher mat 40 Säiten fir 4 Euro, déi an onreegelméissegen Ofstänn erauskomm sinn – all faarweg, all zackeg an all op hir Manéier eenzegaarteg.

Ouschterméindeg, 21. Abrëll ëm 17 Auer
Kulturzentrum „an der Eech“ (4-6, rue Eich zu Leideleng)
Fräien Entrée, barrièrëfräien Accès
Reservatioun: 51 16 06-8001 oder deforum@elisabeth.lu

Eng Zesummenaarbecht vun de Gemenge Beetebuerg a Leideleng, am Kader vum LiteraTour2025 a mat der Ënnerstëtzung vum Cercle Culturel et Historique de Leudelange an dem Verlag Kremart Edition