Fir d’Kanner: Zwou Liesungen zu Lënster
3 cool Geschichte gëtt et e Samschdeg, den 29. November ëm 11 Auer an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel “Am Duerf” zu Jonglënster. De Luc Marteling liest seng Iwwersetzunge vum Alex Latimer senge Bicher “Ray – E kleng Insekt weist de Wee”, “De Friggi ass e Fräsch” an, als Avant-Première, “De Pitt ass e Päiperlek”. Sprooch: Lëtzebuergesch. Durée: ronn 45 Min. Entrée fräi. – Deen Dag ass iwweregens och Lënster Adventsmaart op der Plaz virum Centre Culturel (vun 11 bis 23 Auer).
Nach emol 3 cool Geschichte gëtt et dann zwou Wochen drop an zwar e Samschdeg, den 13. Dezember ëm 11 Auer nees an der Lënster Bibliothéik. De Luc Marteling liest dann “D’Geschicht vun der Faarfdrëps” an “D’Geschicht vun der Schnéiflack” (aus engem Buch vum Pierdomenico Baccalario an Alessandro Gatti, iwwersat vum Christiane Kremer) an d’Geschicht “Wéi een eng Geschicht erfënnt”. D’Sprooch ass och hei Lëtzebuergesch an dat Ganzt dauert ronn 45 Min. Den Entrée ass och déi Kéier nees fräi.