Kremart um Tour: Walfer, Lënster, Réimech, Lënster, Diddeleng …

Hei e klengen Update kuerz virun de WALFER BICHERDEEG. A well mer eng Mandel voller Informatioune fir Iech hunn, gi mir direkt in medias res.

📚 📚 KREMART-KATALOG 2026
Jo, richteg gelies, mir hunn en neie Katalog. Well mer an den nächste Wochen a Méint vill ënnerwee sinn, invitéiere mer Iech, bei eis laanschtzekommen an Iech een ze kropen. Alternativ kéinte mer och mat engem Download-Link hëllefen. Btw: En ass nees ganz schéi ginn.

📚 📚 WALFER BICHERDEEG: ZWEE STÄNN
E Samschdeg, de 15. November vun 10 bis 19 Auer an e Sonndeg, de 16. November vun 10 bis 18 Auer freeë mir eis zu Walfer op Iech: eemol op eisem traditionelle Stand an der Hal 2 an eemol op eisem Kannerstand am Centre Prince Henri bei de “Books for Kids”. Natierlech hu mir och eis 3 Adventskalenneren derbäi. An net nëmme si!
👉 https://bicherdeeg.lu/de/

📚 📚 WALFER BICHERDEEG: LIESUNG JEAN-PAUL MAES
E Samschdeg de Mëtteg ëm 16:00 Auer liest eisen Auteur Jean-Paul Maes an der Maison Dufaing aus sengem neiste Buch “De Léiw gëtt rout”. Freet Iech op deen een oder aneren interessante Portrait vu Leit wéi s du an ech, mat hiren Naupen a Stauten. Dono ass de Jean-Paul Maes dann och um Kremart-Stand an der Hal 2.
👉 https://bicherdeeg.lu/de/agenda/

📚 📚 1. LIESUNG FIR KANNER ZU LËNSTER
3 cool Geschichte gëtt et e Samschdeg, den 29. November ëm 11 Auer an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel “Am Duerf” zu Jonglënster. De Luc Marteling liest seng Iwwersetzunge vum Alex Latimer senge Bicher “Ray – E kleng Insekt weist de Wee”, “De Friggi ass e Fräsch” an, als Avant-Première, “De Pitt ass e Päiperlek”. Sprooch: Lëtzebuergesch. Durée: ronn 45 Min. Entrée fräi. – Deen Dag ass iwweregens och Lënster Adventsmaart op der Plaz virum Centre Culturel (vun 11 bis 23 Auer).
👉 https://www.junglinster.lu/agenda/eventdetail/2025-11-29/adventsmaart-zu-jonglenster-2025-1259612137

📚 📚 STAND BEI DE CAVES BENTZ ZU RÉIMECH: Winter Wine Day
Dëse Chrëschtmaart mat aacht lokale Produzenten ass sonndes, de 7. Dezember vu 14 bis 19 Auer. Mat derbäi sinn: Lola Valerius – Chocolatier / Steinblume / Atelier Luxera / Kremart Edition / Kybele Studio Luxembourg / Limelight / Make it Concrete / The Ome Store. An der Invitatioun heescht et: “Une ambiance chaleureuse, du vin chaud fait maison et des décorations festives vous attendent. Vous y trouverez des décorations et des idées cadeaux ainsi que de quoi ravir vos papilles. Des tartes flambées seront également servis. Une partie du parc sera magnifiquement illuminée. Une réservation n’est pas nécessaire.”
👉 Andréck vun der Plaz: https://www.bentz.lu/fr/galerie

📚 📚 2. LIESUNG FIR KANNER ZU LËNSTER
Nach emol 3 cool Geschichte gëtt et e Samschdeg, den 13. Dezember ëm 11 Auer an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel “Am Duerf” zu Jonglënster. De Luc Marteling liest “D’Geschicht vun der Faarfdrëps” an “D’Geschicht vun der Schnéiflack” (aus engem Buch vum Pierdomenico Baccalario an Alessandro Gatti, iwwersat vum Christiane Kremer) an d’Geschicht “Wéi een eng Geschicht erfënnt”. Sprooch: Lëtzebuergesch. Durée: ronn 45 Min. Entrée fräi.

📚 📚 KANNER- A JUGENDBICHERMAART: STAND
Samschdes, den 31. Januar 2026 vun 10 Auer u fannt Dir eis dann natierlech och nees um Kanner- a Jugendbichermaart zu Diddeleng am Kulturzenter “opderschmelz”. Do stelle mir dann och offiziell eis drëtt Iwwersetzung vum südafrikaneschen Auteur an Illustrateur Alex Latimer vir: “De Pitt ass e Päiperlek”.
👉 https://opderschmelz.lu/agenda/2041_2038

📚📚 KANNER- A JUGENDBICHERMAART: LIESUNG
Zu Diddeleng sinn ëmmer eng jett Liesunge fir Kanner a bei där vun 13:45 Auer ass och “De Pitt ass e Päipelek” derbäi. Fir Kanner vun ongeféier 3 Joer un an den Entrée ass fräi. Freet Iech drop.

ALL GUDDES AN HOFFENTLECH BIS GANZ GESCHWËNN 😍😍😍