Avant-première: “Spawecken” an der Schwäiz virgestallt
Dem Jemp Schuster säin neie Roman “Spawecken” gouf eng éischte Kéier virgestallt. Op Invitatioun vum Lëtzebuerger Club „Roude Léiw“, dat sinn d’Lëtzebuerger, déi an der Schwäiz liewen, war den Auteur am Kader vun hirer Generalversammlung am Restaurant “L’Aigle Noir” zu Fribourg.
Déi Versammlung ass all Joer op enger anerer Plaz an der Schwäiz. Nieft engem Deel vun hire Membere war och de Lëtzebuerger Ambassadeur an der Schwäiz, de Robert Lauer vu Bern, derbäi (op der Foto riets).
De President vum Club, de Jerry Philipps (op der Foto lénks), fréieren Ambassadeur an der Schwäiz a Kabaräsmuseker aus den 1990er-Joren zu Lëtzebuerg, huet d’Liesung op der Gittar begleet. “Et war bal wéi deemools”, seet de Jemp Schuster.
D’Leit konnten e signéiert Exemplar vun de SPAWECKEN mathuelen.
Den 8. Mee gëtt d’Buch elo offiziell zu Randschelt virgestallt. Ze kréien ass de Roman schonn an de Librairien, op Letzshop a bei kremart.lu (iwwer Mail op kontakt@kremart.lu). Duerno geet de Jemp Schuster och op eng Lies-Tournee uechtert d’Land.