20. Juni: “De Pitt ass e Päiperlek” zu Diddeleng
All d’Raupen op deem grousse grénge Blat dreemen dervun, immens schéi Päiperleken ze ginn.
All, ausser engem: dem Pitt.
De Pitt ass en unisse Raup an ass domat déck zefridden.
Mee wat geschitt mat em, wann e sech an e Päiperlek verwandelt?
D’Geschicht “De Pitt ass e Päiperlek” (an aner Geschichten) gëtt et e Samschdeg, den 20. Juni ëm 10:30 Auer zu Diddeleng an der Bibliothéik. Kannerliesung fir Kanner vun ongeféier 3 Joer un. Op Lëtzebuergesch. Durée: ronn 45 Minutten. An der Bibliothèque Publique Régionale de Dudelange. Gratis Entrée op Reservatioun: Tel. 51 61 21 250 oder bibliotheque@dudelange.lu. Infoen um Site vun der Bibliothéik.
Den Auteur an Illustrateur vun der englescher Originalfaassung ass den Alex Latimer. D’Buch ass vum Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat ginn a bei Kremart Eidition erauskomm. Hie liest ausserdeem nach zwou aner Geschichten: “Wéi een eng Geschicht erfënnt” an “D’Linn Lynn”.