Enn Mee an Ufank Juni: Zwou Liesunge fir Kanner zu Lënster

Mir ginn Iech nees Rendez-vous an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf” zu Jonglënster an dat direkt zweemol:

  • Samschdeg, den 23. Mee: Elmar-Dag
    Um Programm stinn dräi Aventurë mam faarweg karéierten Elefant … a wien e selwer gemoolten Elmar (oder soss eng Figur aus dem Elmar-Kosmos) matbréngt, kritt e klenge Kaddo. Fir eng kleng Hëllef: Luusst heidrënner ënnert dem Flyer fir d’Liesung …

    Iwweregens: Den Elmar-Dag feiere mer mat zwou Liesungen, moies zu Lënster an nomëttes ëm 15 Auer si mir och nach zu Gréiwemaacher an der neier Librairie Bicherbësch.

  • Samschdeg, de 6. Juni: 3 Geschichte vum Alex Latimer op Lëtzebuergesch
    D’Bicher vum südafrikaneschen Auteur kommen einfach immens gutt un, dofir huet Kremart der antëscht dräi iwwersat, Ufank 2027 soll nach eng véiert derbäikommen an dee Geschichten-Zyklus dann ofschléissen. Freet Iech schonn drop, mee freet Iech elo fir d’éischt op de Ray, de Friggi an de Pitt!

D’Liesunge sinn op Lëtzebuergesch, daueren zirka 45 Minutten a se si gratis.

Mir freeën eis op Iech an der Lënster Bibliothéik!

Fir den Elmar-Dag

D’Elmar-Bild fir erofzelueden

D’Bild mat Figuren aus den Elmar-Geschichte fir erofzelueden.