Summerdag vun der Literatur zu Miersch
De Sonndeg, 10. Juli gouf et eng nei Ausgab vum “Summerdag vun der Literatur” am Park vun der Maison Servais zu Miersch. Et gouf bei dëser Versioun nach just een eenzege Podium, op deem Liesung a Gespréich waren.
Folgend Auteuren hunn um Summerdag aus hire rezente Bicher gelies a sech da während 10 Minutte mat Kritiker ënnerhalen:
11:00 – Claudine Muno: Komm nët kräischen, Op der Lay
11:20 – Gespréich mam Samuel Hamen
11:40 – Michel Clees: Abreise, Editions Binsfeld
12:00 – Gespréich mam Valerija Berdi
12:20 – Tom Nisse: Extraire, l’Arbre à paroles
12:40 – Gespréich mam Lambert Schlechter
13:00 – Isabel Spigarelli: Nichts zu danken, Editions Saint-Paul
13:30 – Gespréich mam Béatrice Kneip
13:40 – Lambert Schlechter: Inévitables bifurcations, Les Doigts dans la Prose
14:00 – Gespréich mam Tom Nisse
14:00 – Linda Graf: Die Tage, die Dinge, Kremart Edition
14:30 – Gespréich mam Jérôme Jaminet
14:40 – Georges Hausemer: Der Schüttler von Isfahan, Capybarabooks
15:10 – Gespréich mam Nathalie Bender
Et war e Foodtruck (The Karavan) do a Bicher konnt een och sur place kafen, d’Librairie Ernster war mat engem Stand um Summerdag.
Adress: Centre national de littérature, 2, rue Emmanuel Servais, L-7565 Mersch (www.cnl.public.lu).