TIMBA, no SMART eis zweet Serie mat Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch, ass ofgeschloss! Déi Kéier sinn et awer keng 20, mee direkt 24 Bichelcher. Perfekt fir eng Advents-Lies-Challenge. BONNE LECTURE!
Fotoen
E Samschdeg, den 20. Abrëll gouf et eng flott Kannerliesung mam Tullio Forgiarini. Hien huet d'”Bonnie” viergelies, de “Ray” an zum Schluss e bëssen aus senger Kuerzgeschicht “De Ritter an der Kartongsrüstung” (aus der Serie Smart). Merci fir d’Kommen an d’Nolauschteren. Fotoen: Mierscher Lieshaus
E Sonndeg, de 14. Abrëll vun 10 bis 18 Auer zu Biwer am Fancy: Bichermaart fir de gudden Zweck vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer. Mat ë. a. 3 Liesunge fir Kanner am Nomëtteg. Entrée: fräi.
24 Dierercher mat 24 Bichelcher mat 24 Märercher oder Geschichten op Lëtzebuergesch! D’Format vum bloe Kalenner ass identesch zu deem vum rouden: 42 cm héich an 30 cm breet a ronn 1.300 Gramm schwéier. Dat Bescht ass awer dat, wat sech hannert de 24 Diere verstoppt: 24 kleng Bichelcher mat allkéiers enger Geschicht dran, nämlech engem flotte Märchen oder enger flotter Seechen op Lëtzebuergesch! Mir hunn dem Mewa beim Opmaache vu sengem bloen Adventskalenner am Dezember 2023 iwwer d’Schëller gekuckt. (ISBN 978-2-919781-50-8, 27 Euro)
Mir erwaarden Iech an der Hal 2 a bei Books for Kids – mat villen neie Bicher an och mat e puer Klassiker. Eise rouden an eise bloen Adventskalenner gëtt et op béide Stänn geradesou wéi eist neit Kannerbuch Bonnie. Um Haaptstand kritt Dir och deen neie Roman Béischten vum Jemp Schuster, nomëttes och mat Dedicace! Kommt laanscht, mir freeën eis op Iech! Infoen: bicherdeeg.lu
10 Joer Bicher, déi Freed maachen, an e fonkelneit derbäi! Den 22. Oktober 2023 war et esou wäit: Kremart Edition hat op Helleng an déi wonnerbar Scheier vum Camille Kerger invitéiert, fir do säin 10. Gebuertsdag ze feieren a bei där Geleeënheet och dem Jemp Schuster säin neie Roman »Béischten« offiziell virzestellen. D’Christiane Kremer huet d’Leit begréisst, duerno huet de Jemp gelies, begleet vum der bekannter Musekerin Claire Parsons. Duerno gouf et Kuch. An et hate sech esou vill Leit ugemellt, datt den Owend de Sonndreg drop nach emol widderholl gouf …
Am Oktober ware mir nees op der Buchmesse, zesumme mat eisen neie Bicher an e puer vun eisen Auteuren. Dat Ganzt natierlech nees um Lëtzebuerger Stand vu KulturLX. Hei e puer Impressiounen …
An der Rentrée 2023 war an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel „Am Duerf“ zu Jonglënster dräimol samschdes moies eng méi lass! 30. September: Déi kleng Prinzessin an de Kuakerino, gelies vum Christiane Kremer; 7. Oktober: De Wëllefchen an de Fiisschen fir den 200. Gebuertsdag vum Edmond de la Fontaine, besser bekannt als Dicks (1823–1891), gelies vum Luc Marteling; 14. Oktober: Den Elefant Elmaren an “Wéi een eng Geschicht erfënnt”. MERCI fir d’Kommen, d’Nolauschteren an d’Matmaachen a MERCI dem Patrik Osterblad fir d’Fotoen.
“De Firmi”, “Wäissen Tiger”, “Ze déif an d’Gewan gekuckt” … eng Sammlung vun Erzielungen a kuerzen Texter, déi labber uneneenhänken. Munchmol si se lëschteg, munchmol batteren Eescht. Virun allem ass et d’Sich nom Doheem an engem klenge Land. Dës literaresch Sich ënner dem Titel “Nuebelschnéier” vum Jean Back gouf e Freideg, den 22. September ëm 19:30 Auer am Stued-Theater zu Gréiwemaacher virgestallt. Liesung: Jean Back a Christiane Kremer, Musek a Kompositioun: Maurizio Spiridigliozzi.
Passend zum Titel vum Buch, war d’Presentatioun vum Luc François sengem Roman “Wasserstand” den 9. Juli 2023 och no beim Waasser. Zu Waasserbëlleg, just iwwer dem Aquarium, an der Bar “La Palma” gouf dat neit Wierk virgestallt bei gudder Stëmmung, engem Maufel an engem Patt (net just Waasser). Wëllkomm bei Kremart, Luc!
2023 feiert Kremart jo säin 10. Gebuertsdag: Aus deem Grond huet d’Librairie Ernster Enn Mee, Ufank Juni eng Partie vun eise Bicher immens flott an Zeen gesat – an dat direkt an dräi Filialen: an der Belle Étoile, zu Miersch am Topaze an an der Stad. Gesäit topp aus, grousse Merci!!!
Vum 27. bis den 30. Abrëll hu Kultur|lx a sechs Lëtzebuerger Verlage gewisen, wéi dynamesch a villfälteg déi lëtzebuergesch Literaturlandschaft ass. #BooksfromLuxembourg an der Hal4 um Stand C303. Et war eng Première fir Lëtzebuerg op der Buchmesse zu Leipzig.
Eng Liesmatinée zu Jonglënster: E Samschdeg, den 22. Abrëll huet de Pit Schlechter an der klenger Lënster Bibliothéik e Grapp Texter aus sengem priméierte Bestseller „De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis Pictus“ virgelies. Dora mécht de Knouterwiichtel den Uz mat den Naupe vun de Leit a passt op, datt mat der Sprooch keng Schëndlouder gedriwwe gëtt. (Dat ënnersträicht jo well den Titel vu sengem Wierk.) De Luc Marteling huet duerch eng Stënnche voller Wuertspillereien a mat villen ënnerhalsame Momenter gefouert. (Fotoen: Patrik Osterblad)
Den 2. Abrëll haten “Les Amis de la Croix-Rouge Biwer” nees op hire grousse Bichermaart invitéiert – mat ale Bicher an neie Bicher, mat Iessen a Gedrénks an och mat zwou Liesungen (enger fir Kanner an enger fir Erwuessener). Hei e puer Andréck vum Romain Nies a vum Verlag.
9 Geschichte vum Tony Ross senger klenger Prinzessin sinn nach op Lëtzebuergesch ze kréien, all iwwersat vum Christiane Kremer. Hei hir Coveren. (26 Säiten, 12,95 Euro)
“De Fléiepëlz” vum Pit Schlechter, illustréiert vum Pit Weyer: E Mëttwoch, 7. September gouf d’Buch mat de kuerzen Texter an de filigranen Illustratiounen am Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch virgestallt. Haapttheema: d’Lëtzebuerger Sprooch. D’Wieder war gutt an d’Wierder waren et och – einfach e gemittlechen Owend op der Terrass. Hei e puer Andréck.
Um Europadag war zu Beetebuerg op der Literatour 2022 och den Dag vun de Lëtzebuerger Editeuren. Am schicken Zelt hat Kremart Editioun och e klenge Stand opgebaut an ëm 16 Auer huet de Jhemp Hoscheit aus sengem neie Roman “Tëschent den Zeilen” (Serie Kanephora) gelies.
E Samschdeg, 23. Abrëll moies ëm 10 Auer war et esou wäit: Um Weltdag vum Buch a vum Copyright gouf am Kulturzenter opderschmelz de Kannerbicherdag 2022 nogeholl. Mat Stänn, Liesungen an Ateliere bis 18 Auer. Hei e puer Andréck vum Kremart-Stand, op deem Dir och schonn en Hiweis op en Adventskalenner mat klenge Bicher op Lëtzebuergesch fannt …
Se war zwar méi kleng ewéi soss, mee se war awer: d’Frankfurter Buchmesse! Um Lëtzebuerger Stand war och Kremart vertrueden … mat ë. a. direkt 8 fuschneie Bicher: “Rehaugen” vum Jean-Paul Maes a “Voleurs de liberté” vum Giulio-Enrico Pisani an der Serie Kanephora, den Timba-Bicher Nummer 14, 15, 16 a 17 mat neie Kuerzgeschichte vum Julie Vinandy-Schmit (Duebelband), Bob Kieffer a Roland Meyer, dem Speculative-Fiction-Roman “Das Gangrän” vum Maxime Weber an dem Kannerbuch “A wann …?” vum Jil Winandy.
E puer Andréck vun de Liesunge vum Sonndeg, 18. Abrëll: “D’Sandmeechen” mam Yorick Schmit, “De Geescht Gubi” an “Déi kleng Prinzessin” mam Christiane Kremer, de Romain Butti am Gespréich mam Valerija Berdi an zum Ofschloss vum Dag de Guy Rewenig zesumme mam Christine Mandy iwwer “Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch”. Fotoen: Kremart a Rotonden.
Eis Smart-Serie ass esou praktesch, et kann een se esouguer mat Schifueren huelen – zum Beispill “De Schnéihues” vum Claude Schiltz, ma natierlech och all anert Bichelchen vun deenen 20 Bänn, déi antëscht iwwer 33.000 Mol verkaaft goufen an nach all ze kréie sinn, souguer an enger extraer Këscht … an de Librairien oder via Mail op kontakt@kremart.lu.
Zesumme mat e sëllegen anere Lëtzebuerger Verlagen ass Kremart Edition um Stand vu Reading Luxembourg op der Frankfurter Buchmesse vertrueden. Mat alen a neie Bicher! – Fotoen: Christiane Kremer
Fir déi zéngte Kéier housch et um Sonndeg de Moien, 22. September: Literatuerm – eng Liesung fir Kanner zu Bäerdref am Aquatower eng 50 Meter iwwer dem Buedem. Vill Famille waren nees komm! Gelies hunn d’Christiane Kremer (Kuakerino a Kleng Prinzessin) an de Luc Marteling (Elmar) a gefeiert gouf dem Elefant säin 30. Gebuertsdag – mat enger Geschicht, engem Lidd, enger Käerz an engem Kuch 🙂
Op e sëllege Plazen hu mir gelies an/oder eis Bicher presentéiert. Hei e puer Andréck (vun de Liesungen a Schoulen hu mir keng Fotoen online gesat): Diddeleng (Poesie am Park), Jonglënster (Bibliothéik), Colmar-Bierg (Mierscher Lieshaus), Keespelt (Matinée), Kielen (KuKi), Sandweiler (Lëtzebuerger Dag), Alinéa, Mäertert (Alain Atten), Gréiwemaacher (Lobo) a Beetebuerg (Josy-Braun-Owend). Merci fir d’Fotoen … an d’Invitatiounen 🙂
De Weekend vum 2. an 3. Mäerz 2019 war Kremart nees um lokale Maart an der Patton-Stad. An et war topp!
E Samschdeg, 15. Dezember 2019.
E Samschdeg de Moien, 24. November gouf et zu Jonglënster an der Bibliothéik am Kulturzenter “Am Duerf” eng Liesmatinée fir Kanner. D’Christiane Kremer huet ënnert anerem gelies “So mol, Lobo” a Geschichte vun der Klenger Prinzessin, de Luc Marteling huet Aventurë vum faarweg karéierten Elefant Elmar zum Beschte ginn. Fotoen: Viviane Leytem a Carole Deitz
Den Donneschdeg, 29. November huet de Luc Marteling zu Maacher am Päiperleksgaart gelies – virun enger impressionnanter Kannerkuliss. Um Programm: D’Linn Lynn, Den Elmar an de Päiperlek (natierlech!) an Den Elmar an d’Monster, D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack an D’Legend vum hellegen Niklos … an du koum nach ganz héije Besuch an aus der impressionnanter gouf eng impressionnéiert Kannerkuliss! Fotoen: Norry Stoltz
Fotoen, Hawaii, Wëllef an zwou Libesgeschichten – dat war de Motto vun der Liesung den 22. November am Centre culturel “Am Duerf” zu Jonglënster. Presentéiert goufe Kuerzgeschichten aus der bekannter Serie SMART (Christiane Kremer: De Wierdermoler; Jackie Messerich: Tunnel of Love) an aus der neier Serie TIMBA (Marc Wilwert: De groe Star; Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii; Luc Marteling: Den nationale Wollef). Organisatioun: Lënster Bibliothéik. Fotoen: Patrik Osterblad
Ustrengend an inspiréierend – esou kéint een d’Walfer Bicherdeeg 2018 beschreiwen. Datt d’Ambiance gutt war an datt se (bal) all do waren, dat sollen dës Andréck beweisen. Si si vum Sonndeg, 18. November. Wéi all Joer: en décke MERCI der Walfer Gemeng, alle Visiteuren, Lieser, Bicherfrënn … Fotoen: lm
Vum 7. bis den 11. November huet Kremart Edition e klenge Stand zu Wien. De Jean Back huet do och aus sengem Buch “Trakl Blues” gelies. Aus der Kanephora-Rei ginn och eis aner zwee däitschsproocheg Bicher, “Die Tage, die Dinge” vum Linda Graf an “Allen Ernstes” vum Maryse Krier, besonnesch an Evidenz gesat. Awer och soss gëtt esou Munches gewisen … an den Interessi ass grouss! Fotoen: Christiane Kremer
Geschichte fir Kanner vun 3 bis 7 Joer gouf et de Samschdeg, 20. Oktober 2018 ëm 15 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik: D’Christiane Kremer huet do hiert neiste Kannerbuch “So mol, Lobo!” virgestallt an ausserdeem Geschichte vum Elmar a vun der Klenger Prinzessin gelies. An et war strubbelvoll! Fotoen: Viviane Leytem
E Samschdeg, 13. Oktober war et esou wäit: Dat drëtt Kannerbuch vum Christiane Kremer no “Mammendag” an “De Poli an d’Maisy” gouf zu Frankfurt op der Buchmesse, um Lëtzebuerger Stand, virgestallt. Et heescht “So mol, Lobo!” a gouf illustréiert vum Vincent Biwer. Den Dag virdrun hat de Jean Back aus sengem “Trakl Blues” virgelies.
De Mëttwoch, 11. Juli 2018, um 5. Gebuertsdag vun eisem klenge Verlag Kremart Edition, gouf am Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch de SMART-Nofolger TIMBA virgestallt: Déi 5 éischt Bichelcher si vun Marc Wilwert (De groe Star), Jérôme Netgen (D’Wolleken iwwer Hawaii), Catherine Gitzinger (De Bam), Sophie Gitzinger (Vill Gléck am neie Joer) a Luc Marteling (Den nationale Wollef). Fotoen: Domingos Oliveira
“Geschichte fir KIDs” war de Motto den 8. Juli beum éischte Summerfest vum Mierschier Lieshaus am “Chocolate House” zu Miersch. Um 14 Auer huet d’Christiane Kremer do ënnert anerem Geschichte vun der Klenger Prinzessin vum Tony Ross virgelies an och nei Kannerbicher vu Kremart extra elo fir de Summer virgestallt. Fotoen: Viviane Leytem.
De Samschdeg, 17. Mäerz 2018 huet de Luc Marteling aus Kremart-Kannerbicher um KASS-Haff zu Rolleng bei Miersch gelies – am Kader vun der Bio-Nest-Bourse. Eng 50 Kanner ware komm – wat fir eng Kuliss!
Um Weekend vum 24. a 25. Februar ware mir zu Ettelbréck an der Däichhal um lokale Maart – wéi ewell um Joer virdru waren nees immens vill Leit do an den Interessi war risegrouss. Dofir op dëser Plaz hei an décke Merci un d’Organisateuren an un d’Visiteuren! Mir freeën eis schonn op 2019 🙂
An der klenger, frësch renovéierter Kapell zu Buddeler (Gemeng Biwer) gouf den 21. Februar dem Alain Atten seng Novell “Alle véierzéin” virgestallt. Den Titel ass natierlech eng Referenz op déi 14 Nouthelfer um Buddeler Altor … an d’Jeanne d’Arc daucht och nach doran op!
Enn Oktober 2017 gouf dem Jean Back seng Novell “Trakl Blues” zu Salzburg an der Georg Trakl Forschungs- und Gedenkstätte virgestallt – virun engem ganz interesséierte Publikum. Ausserdeem gouf de Film aus dem Joer 1978, “Die junge Magd”, deen och am Buch dran ass, gewisen. Fotoen: Christiane Kremer a Fernand Mathes.
E Buch, dat an der Péitruss spillt, gouf och do virgestallt! Kuerz virun de Walfer Bicherdeeg 2017, um Mëttwoch, 15. November, huet d’Julie Vinandy-Schmit am flotte Kader vun der “Cantine du Chatelet” am Boulevard de la Pétrusse hiert Buch “Perdue dans la vallée” virgestallt … mam Sophie, dat “le vague à l’âme” huet … Fotoen: Fernand Mathes
Den 20. Juni goufen déi lescht 3 Bicher aus der Serie Smart Kremart virgestallt – zu Miersch am Literaturzenter hu gelies: Gintare Parulyte, Jackie Messerich a Jean-Paul Maes. A wéi se gelies hunn! A wéi se begleet goufen! Vum André Mergenthaler! Et war ee smarten Owend, ee waarmen Owend, ee super Owend! MERCI dem CNL an allen, déi do waren – dorënner 16 Smart-Auteuren! A MERCI dem Domingos Oliveira fir dës varianteräich Impressiounen!!!
brèves [re]trouvailles – esou heescht deen neie Recueil vu Kuerzgeschichten op Franséisch, deen d’Laurence Klopp (“La dame à la mise en plis mauve”) publizéiert huet an dee vum Diane Jodes illustréiert a vum Tom Schartz gelayoutet gouf. Um Samschdeg, 17. Juni 2017 gouf d’Buch zu Esch an der Kulturfabrik um lokale Maart virgestallt. Mat héijem Besuch! Fotoen: Tomas Simoes a Luc Marteling
Groussen Optrëtt fir kleng Bicher: Mat engem SMART-Owend huet den “Cercle culturel et historique” vu Leideleng den 23. Mäerz 2017 seng 30 Joer gefeiert. “An der Eech” hu 7 Smart-Auteure gelies: Alain Atten, Tom Decker, Christiane Ehlinger, Karin Goedert, Yorick Schmit, Julie Vinandy-Schmit a Luc Marteling. Um Saxophon: Nadine Diedenhofen. Organisatioun: Raymond Kauffmann. Fotoen: Steve Müller.
D’Lënster Bibliothéik feiert 2017 hiren 10. Gebuertsdag an hat e Mëttwoch, 8. Februar zesumme mam Verlag Kremart op eng faarweg “Soirée Smart” an de Kulturzenter “Am Duerf” invitéiert. 6 Auteuren hunn aus hire Smart-Bicher gelies: Karin Goedert (“Maacht mer keen Ouer!”), Josiane Kartheiser (“Gees de mat?), Christiane Kremer (“De Wierdermoler”), Bob Kieffer (“Roswell”), Tom Decker (“D’Tilly”) a Luc Belling (“An elo mol … op Lloret!”) a . Um Saxophon: Anaïs Lorentz. Fotoen: Jang Gaspar an lm
Andréck vum Kanephora-Owend den 10. Januar 2017 am Kasematten-Theater zu Bouneweg. Um Programm: Jean Back mat “Zalto mortale”, Linda Graf mat “Die Tage, die Dinge” a Maryse Krier mat “Allen Ernstes”. Um Saxophon: Anaïs Lorentz, Moderatioun: Christiane Kremer. Kremart Kanephora ass déi nei Bibliothéik vu Kremart Edition. Fotoen: Tete Queiroga – T. Queiroga Photographies (uewen) an CD (ënnen)
Dräimol war Kremart am Summer 2016 an der Villa am Stater Park – zweemol goung baussen op der Wiss gelies an eemol bannen, well do hat et gereent. Ma egal wou gelies gouf, dee jonke Publikum war ëmmer bei der Saach. – Fotoen: Christof Weber
Am wonnerbare Kader vum Iechternacher Lycée gouf um Dënschdeg, 28. Juni 2016 den drëtte Band aus der Serie “Kremart Kanephora” virgestallt: “Allen Ernstes” vum Maryse Krier, illustréiert vum Tanja Trienekens aus dem LCE, gelayoutet vum Tom Schartz vu Presss vu Maacher. Um Cello: Judith Lecuit. Moderatioun: Christiane Kremer. Fotoen: Steve Müller.
Ganz uewen am Aquatower zu Bäerdref goufen um Mëttwoch, 15. Juni 2016 4 nei Smart-Bicher virgestallt – vun den Auteure Luc Belling, Tullio Forgiarini, Karin Goedert an Nico Helminger. Impressioune vun uewen a vun ënne vum Steve Müller.
Den Dënschdeg, 12. Abrëll gouf zu Esch am Theater dem Linda Graf hiert neit Buch “Die Tage, die Dinge” virgestallt. Aus dem Band 2 vu “Kremart Kanephora” huet den Direkter Charel Muller gelies. Duerch den Owend huet d’Christiane Kremer gefouert. Déi 60 Plazen op der Bühn waren all besat … Fotoen: René Scho.
An der aler Kierch hu gelies: Claude Schiltz (Smart 2), Diane Neises (4), Yorick Schmit (7), Tom Decker (9), Josiane Kartheiser (10), Bob Kieffer (11) a Jemp Schuster (13). Moderatioun: Christiane Kremer. Fotoen: Robert Schiltz a Carole Deitz.
Um Freideg, 18. Mäerz hunn “an Zammer” gelies: Jean Back (Zalto mortale), Alain Atten (Smart 6), Christiane Ehlinger (12), Christiane Kremer (1), Julie Vinandy-Schmit (5), Vesna Andonovic (3/huet liese gelooss) a Luc Marteling (8). Fotoen: Carole Deitz.
Um Kannerbicherdag am Kulturzenter opderschmelz hunn d’Christiane Kremer an d’Aline Forçain zesumme mat der Waldschoul an EducDesign eng flott Liesung mat Atelier realiséiert. Thema: De Poli an d’Maisy.
“Max a Miz”, “D’Kuebennascht” (Smart-Buch Nummer 6) an “De Sproochmates” (Band 1 an 2) – dorëm goung et am gutt besichten Alain-Atten-Owend den 12. Januar 2016. Fotoen: lm
Am Kinneksbond goufen um Sonndeg, 29. November 2015 net nëmme Kannerbicher verkaaft, et gouf och gelies. Fotoen: Copyright « Kinneksbond – Paulo Lobo »
Den 10. November 2015 hu mir um Escher Gaalgebierg dat 1. Buch aus eiser neier Serie Kremart Kanephora virgestallt. Fotoen: Steve Müller
Den 19. Juni 2015 hu mir zu Kielen direkt 5 nei Bicher virgestallt: De Poli an d’Maisy, den Elmar an d’Schlaang an d’Smarten 11, 12 an 13, vu Kieffer, Ehlinger, Schuster. Fotoen: Steve Müller
Hutt Dir se all? 13 Faarwen, 13 Auteuren, 13 Geschichten … 20 sollen et der eemol ginn. Wëllt Dir se all?
“Gees de mat?”, freet “D’Tilly”. An “Max a Miz” rulle schonn den “Bommenteppech” aus … 7. November um 18h @ Maison Dufaing: Virstellung vu 4 neie Kremart-Bicher! D’Smart-Bicher 9 an 10, “D’Tilly” vum Tom Decker an “Gees de mat?” vum Josiane Kartheiser. Plus zwou iwwerschafften Nei-Oploe vun zwee vergraffene Wierker vun zwee vun eise grousse Literaten a Kenner vun der Lëtzebuerger Sprooch: “Max a Miz” vum Alain Atten a “Bommenteppech” vum Josy Braun. – Fotoen: Maya a Robert Straus
Presentéiert goufen déi 4 éischt Bicher aus der Serie “Smart Kremart”: “De Wierdermoler” vum Christiane Kremer, “De Schnéihues” vum Claude Schiltz, “Zëmmer Nummer fënnef” vum Vesna Andonovic an “Weidermerciäddinächsten” vum Diane Neises.