Mat Gefill(er): Dat perfekt Buch fir Vältesdag

Dir sidd nach op der Sich no engem Kaddo fir Vältesdag/Valentinsdag? Dann hu mir hei genee dat Richtegt fir Iech: “A mengem klengen Häerz”! E Buch mat Gefill a mat Gefiller, iwwerzeegt Iech selwer:

Haut man ech d’Dier vu mengem Häerz wäit op.
Kuckt, wat sech alles doranner verstoppt:
Kreesch vu Freed an Tréine vu Leed;
mol gëtt aus Angscht déck dora geziddert,
mol spillt et engem déi schéinste Lidder.
Mäin Häerz ass faarweg a gutt drop,
ma heiansdo och op der Kopp.

Wéi Kremart 2015 op der Frankfurter Buchmesse d’Buch „Dans mon petit coeur“ entdeckt huet, war et direkt e „Coup de coeur“. D’Wierk iwwer dat turbulent Banneliewe vun engem klengen Häerz ass am Original bei de franséischen Éditions de La Martinière – Jeunesse erauskomm. Et gouf antëscht an e sëllege Sprooche weltwäit iwwersat an am Oktober 2016, also genee ee Joer no eiser Decouverte, gouf zu Frankfurt och déi lëtzebuergesch Versioun vum Christiane Kremer gewisen …

Am Buch geet et ëm Gefiller, ëm Stëmmungen, ëm déi verschidden Zoustänn, an deenen en Häerz ka sinn: vu ganz gutt drop a voller Freed iwwer déck rose bis hin zu traureg an eleng. Am Mëttelpunkt vum Buch steet dann och en Häerz, dat aus all Säit gestanzt gouf, ëmmer eng Nummer méi kleng, fir um Enn dee faarwegen Effekt ze kreéieren, deen de Bléck direkt captéiert an d’Häerz direkt beréiert …

amengemklengenhaerz4
amengemklengenhaerz5
amengemklengenhaerz6
amengemklengenhaerz7

A mengem klengen Häerz
Jo Witek (Text), Christine Roussey (Illustratiounen), Christiane Kremer (Iwwersetzung)
ISBN 978-99959-39-36-6
28 Säiten, 18 Euro

Op der Frankfurter Buchmesse 2016 stoung déi lëtzebuergesch Versioun schéi brav an der éischter Rei vum Stand vun “La Martinière Groupe” – nieft e sëllegen aneren Iwwersetzungen, well d’Buch ass quasi e globale Bestseller … Natierlech hoffe mir, datt dat klengt Häerz mat deem turbulenten Inhalt och zu Lëtzebuerg weider de Wee an d’Häerzer fënnt … well do gehéiert et hin!

haerz03