De rouden Adventskalenner mat Kannerbicher
24 Dierercher.
Mat 24 Bichelcher.
Mat 24 Märercher.
Op Lëtzebuergesch!
“De rouden Adventskalenner mat Kannerbicher”, esou heescht deen Adventskalenner, dee Kremart Enn 2022 fir déi éischte Kéier erausbruecht huet – zesumme mam englesche Verlag Usborne … a mat ganz groussem Succès: D’Nofro nom Kalenner mat de klenge Bichelcher op Lëtzebuergesch war enorm! Villmools Merci!
Dofir gouf dee rouden Adventskalenner net nëmmen nogedréckt, mee et koum och nach e bloen eraus (mat aneren iwwersatene Geschichten) an e mageschen (mat Bichelcher fir ze molen).
—————————————————————————————————-
Hei e Bléck an déi englesch Versioun vum ROUDEN Adventskalenner:
—————————————————————————————————-
D’Format vum Kalenner ass grouss: 42 cm héich an 30 cm breet. An e weit bal 1.300 Gramm! Dat Bescht ass awer dat, wat sech hannert de 24 Diere verstoppt: 24 kleng Bichelcher mat allkéiers enger Geschicht dran, nämlech engem flotte Märchen op Lëtzebuergesch!
Vum Aladin iwwer d’Dschungelbuch bis bei de Pinocchio,
vum Nëssknacker iwwer d’Chrëschtgeschicht bis Zwiefel Deeg Chrëschtdag:
Dës 24 Geschichte verstoppe sech hanner de 24 Dierercher!
De rouden Adventskalenner mat Kannerbicher
24 Märercher op Lëtzebuergesch
Vivi Kremart
ISBN 978-2-919781-60-7
27 €
HIWEIS
Déi dräi Adventskalennere vu Kremart missten elo an deene meeschte Librairien ze kréie sinn. Och op letzshop.lu si se ze fannen a se kënnen och beim Verlag selwer bestallt ginn (am beschte via Mail op kontakt@kremart.lu). Mir hunn och wëlles, den Adventskalenner mat op d’Walfer Bicherdeeg de 16. a 17. November 2024 ze huelen.
Hei geet et bei de bloen Adventskalenner
An hei geet et bei de mageschen Adventskalenner
Heidrënner déi 4 Säite mat den Diere vum roude Kalenner: