Wat? Wéi? Wou? Mäi Billerlexikon: D’Dinosaurier

Eng weider Fortsetzung fir eis Serie “Wat? Wéi? Wou?”:

Wat hunn d’Dinosaurier gefriess?
Wéi grouss war en Dino-Ee?
A gouf et Dinosaurier och am Mier?

D’Wiesen aus der Urzäit faszinéiere schonn déi Klengst. Mee wou hunn d’Dinosaurier gelieft a wéi hu se sech verdeedegt? Eng Entdeckungsrees mat plakativen Illustratiounen a kuerzen Texter op Lëtzebuergesch.

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: D’Dinosaurier 

Illustratioun an Text: Angela Weinhold · Iwwersetzung: Luc Marteling                                                                                 Originaltitel: Wieso? Weshalb? Warum? junior: Die Dinosaurier
Copyright vum Original: Ravensburger Verlag GmbH, Ravensburg (Däitschland), 2008.
Copyright vun der lëtzebuergescher Iwwersetzung: Kremart Edition S.à r.l., 2024.  An Italie gedréckt.

ISBN 978-2-919781-67-6 • 16 Säiten • 16 €

Iwwer d’WWW-Serie

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Esou heescht dës Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttelt. An dat op eng spilleresch Aart a Weis:
• mat groussen an eendeitege Biller,
• mat kuerzen an einfachen Texter,
• mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.

Biller-Lexikon fir Kanner vun ongeféier 2 bis 4 Joer
• Faarweg, praktesch, informativ
• Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen
• Mat bequeemer Spiralbindung