De Léiw gëtt rout

🦁 De Wangerts, de Jean-Luc, d’Bianca, d’Madamm Wilmes, de Charel, d’Michèle, d’Madamm Kugeler – Leit wéi s du an ech, oder awer net? Hir Geschichte maachen eisem Léiw, sou kuerz vrum Trounwiessel, op alle Fall Kappzerbrieches.

De Léiw gëtt nämlech rout, wann e vun all deenen onzefriddene Leit hei am Land héiert, deenen hiert Liewe jo awer laang Zäit gemittlech a roueg verlaf ass, bis … jo … bis op eemol. De »Roude Léiw«, dee schonn ëmmer déi aner huele sollt, ouni esou richteg ze wësse firwat, kalennert a kalennert, wat dann nëmmen all déi Jore geschitt ass, vun deem hien näischt matkritt huet, an e gëtt dobäi ëmmer méi rout.

Siwe Geschichte vu siwe Leit aus der Noperschaft, kéint ee soen. Leit, déi mir kennen, ma vun deene mer awer villes net wëssen. Wat vläicht och besser ass. Mee um Enn wëlle mer dach all de Virwëtz gestëppelt kréien.

🦁 IWWER D’BUCH

Jean-Paul Maes: De Léiw gëtt rout
Lektorat: Myriam Welschbillig, Christiane Kremer
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Imprimerie Centrale
Kremart Edition, Lëtzebuerg 2025
160 Säiten, 22 Euro
ISBN 978-99959-39-54-0

🦁 IWWER DEN AUTEUR

De Jean-Paul Maes gouf 1955 zu Esch/Uelzecht gebuer an ass zu Nidderkuer opgewuess. Vun 1978 bis 1981 huet hien un der »Hochschule für Musik und darstellende Kunst in Graz« studéiert a war dono als Schauspiller am däitschsproochege Raum aktiv. Zënter 1988 ass hie fräischaffende Schauspiller, Regisseur a Bünenauteur zu Lëtzebuerg. Iwwer 20 Stécker goufe vun him am In- an Ausland inzenéiert. Zënter 2012 leet hie säin eegenen Theater »Kaleidoskop« an der Gemeng Beetebuerg. 2017 huet hie mat der Kuerzgeschicht »Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?« (Nr. 20 an der Serie Smart-Kremart) eng éischt Erzielung publizéiert, 2021 koum de Roman »Rehaugen« eraus. »De Léiw gëtt rout« ass elo seng drëtt Buch-Publikatioun bei Kremart Edition. An dësem Recueil mat siwe Kuerzgeschichten an engem Epilog zeechent de Jean-Paul Maes op eng ironesch Manéier Portraite vu Mënschen, déi ee vläicht kéint zu Lëtzebuerg begéinen, oder och net.