Wat? Wéi? Wou? Mäi Billerlexikon: Hëllefen, deelen, sech verdroen

Doheem, an der Crèche oder an der Schoul an op der Spillplaz – mir si bal ëmmer an iwwerall mat anere Leit zesummen. Unhand vun Zeenen aus dem Alldag vu Kanner weist dëst d’Buch, wéi et sech gutt zesumme liewe léisst, esou datt et fir jidderee flott ass.

  • Wéi liewe mir zesummen?
  • Firwat gëtt et Reegelen?
  • Wéi kënne mir eens ginn?

E Buch fir Kanner vun 2 bis 4 Joer

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Hëllefen, deelen, sech verdroen
Illustratioun an Text: Doris Rübel
Iwwersetzung: Luc Marteling
Kremart Edition S.à r.l., 2025
An Italie gedréckt
ISBN 978-2-919781-77-5 • 16 Säiten • 16 €

 

Iwwer d’WWW-Serie

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Esou heescht dës Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttelt. An dat op eng spilleresch Aart a Weis:
• mat groussen an eendeitege Biller,
• mat kuerzen an einfachen Texter,
• mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.

Biller-Lexikon fir Kanner vun ongeféier 2 bis 4 Joer
• Faarweg, praktesch, informativ
• Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen
• Mat bequeemer Spiralbindung

Weider Bicher an der WWW-Serie

GROUSST FORMAT
Wat? Wéi? Wou? Mäi Billerlexikon: Mir léieren eise Kierper kennen
Text an Illustratioun: Doris Rübel
Iwwersetzung: Luc Marteling
Kremart Edition S.à r.l., 2025
ISBN 978-2-919781-78-2 • 16 Säiten • 18 Euro
Opgepasst: Fir Kanner vu ongeféier 4 bis 7 Joer!
(Um Buch steet et leider falsch, hei um Cover hu mir et verbessert. Mir bieden de Feeler ze entschëllegen.)

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: D’Dinosaurier 
Illustratioun an Text: Angela Weinhold
Iwwersetzung: Luc Marteling
Kremart Edition S.à r.l., 2024
ISBN 978-2-919781-67-6 • 16 Säiten • 16 Euro

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon Fäertereg, rosen, frou sinn
Illustratioun an Text: Doris Rübel
Iwwersetzung: Luc Marteling
Kremart Edition S.à r.l., 2024
ISBN 978-2-919781-66-9 • 16 Säiten • 16 Euro

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Wat iesse mir?
Illustratioun an Text: Doris Rübel
Iwwersetzung: Kremart Edition
Kremart Edition S.à r.l., 2023
ISBN 978-2-919781-49-2 • 16 Säiten • 14 Euro