KULTUR AM GAART: E Samschdeg, de 27. Juni zu Biwer – OFGESOT
OPGEPASST: Gouf wéinst der Hëtztwell mat hiren extreem héijen Temperaturen ofgesot. Gëtt vläicht nogeholl, Datum gëtt et awer nach keen.
—
D’Gemeng Biwer invitéiert ganz häerzlech an de Gaart hannert der Gemeng an zwar e Samschdeg de 27. Juni 2026.
Um Programm:
17:00 Auer: Liesung fir Kanner vun 3 bis 9 Joer vum Martine Schoellen, “De Päddi Mc Pätterchen”
18:00 Auer: Concert vum Gittarenduo “Sonus Tritoni”
19:00 Auer: Liesung fir Erwuessener vum Jean-Paul Maes, “De Léiw gëtt rout”
Introduktioun: Christiane Kremer
Musikalesch Begleedung: Cellosensembel Maacher Musekschoul
Gratis Entrée