Neel mat Käpp

Kann een eenzegen Dag ee ganzt Liewen erzielen?
D’Noa sëtzt verkleet mat senge fënnef beschte Frëndinnen am Mudam. Et ass säi Jonggesellinnenabschid – mat villem, wat derzou gehéiert.
D’Erënnerung un d’Kannerzäit, d’Ex-Bezéiung an d’Desaster-Dates: Dem Noa kommen Zweifel an et spiert sech ënner Drock. Fënnt et de Wee aus deem Kuddelmuddel u Gefiller a Gedanken nees eraus? Et muss sech entscheeden – net just fir oder géint eng Hochzäit mam Hobbybauer Henk.
Frëndschaft, Léift an d’Fro, wéi eng Geschicht mir iwwer eist eegent Liewe wëllen erzielen, sinn d’Kärpunkte vun dësem Roman, dee mat vill Witz, awer och melancholeschen Téin erzielt gëtt. Um Enn kënnt de Gedanken, datt een sech vläicht grad, wann een net brav an ugepasst ass, e Stéckelche méi no kënnt.

D’Buch kënnt den 19. November 2026 eraus!

Titel: Neel mat Käpp
Text: Cathy Clement
Lektorat: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Cover: Jérôme Boor
Drock: Imprimerie Centrale
ISBN 978-99959-39-56-4
276 Säiten, 22 Euro

 

Iwwer d’Autorin:

Mat 16 Joer huet d’Cathy Clement 1995 den autofiktionale Roman Aleng geschriwwen, dee bei Op der Lay publizéiert gouf an direkt vill Opmierksamkeet krut. D’Buch gouf 2023 an der Serie Allerhand vum SCRIPT nei opgeluecht.
D’Cathy Clement beschäftegt sech an hire Publikatiounen intensiv mat Jonken an hirem Wee an d’Erwuessenewelt. An der Kuerzgeschicht Rondel (Serie Timba bei Kremart) adresséiert se sech awer un déi Erwuessen.
Hir Short Story Mediterranean Cruise gouf op Englesch an Dänesch beim Children’s Literature Hay Festival zu Aarhus publizéiert.

Fir de Roman Neel mat Käpp krut si 2025 den zweete Präis am Nationale Literaturconcours. Hei d’Motivatioun vum Jury:

“De Roman Neel mat Käpp iwwerzeegt duerch säi Charme a säi Witz souwéi seng Originalitéit an der narrativer Konstruktioun. Der Auteurice geléngt et, de Lecteur ze
fesselen an zum Laachen ze bréngen an och e gegenwaartsrelevant Wierk ze schreiwen. Et ass eng Geschicht, déi een esou nach net gelies huet. Se abordéiert Sujete wéi Frënd-
schaft tëscht Fraen, Ëmweltbewosstsinn, Mobbing, mental Gesondheet a se geet och ënner d’Haut.”

 

– – –

©Anne Lommel