Spawecken 🕸️ deen neie Roman vum Jemp Schuster – elo virbestellen

De Karel wollt kee Spannejeeër sinn. En huet déi schéin dënn gewieften Netzer ënnersicht. Se einfach esou futti rappen, dat konnt jiddereen. Hien net.

Den Ampeljong, en alen Nëssert, steet am Mëttelpunkt vu „Spawecken“, dem neie Roman vum Jemp Schuster. Am éischten Deel fält de klenge Karel eng Kéier vum Bam a bleift an engem grousse Spaweck hänken, seet en. Mat siwwenzéng Joer geschitt him en anert Ongléck. 1988 schléit e Blëtz an den Nëssert beim Schmadd an dobäi kënnt et zu enger onerwaarter Entdeckung.

D’Trin hat alles ausprobéiert, et krut säi buuschtegt Kand net gebändegt. Et hat et agespaart, et ugestréckt, et hallef doutgeschlo, em näischt méi z’iesse ginn, et war alles ëmsoss.

Den zweeten Deel vu Spawecken spillt am 17. Joerhonnert, am Drëssegjärege Krich. Ass dat, wat deemools an der Schmëdd geschitt, och nach dräi Joerhonnerte méi spéit ze spieren?

Spawecken, deen neie Roman vum Jemp Schuster, gëtt den 8. Mee 2026 ëm 19 Auer am Musée Thillenvogtei zu Randschelt virgestallt. Umellen iwwer umeldung@g-w.lu oder den Telefon 20358-101 (Gemeng Groussbus-Wal). Weider Detailer hei.
 – – –

Praktesch Informatiounen

Spawecken
Text: Jemp Schuster
Lektorat: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Imprimerie Centrale
© Kremart Edition S.à r.l., Lëtzebuerg 2026
ISBN 978-99959-39-55-7
344 Säiten, 25 Euro

www.kremart.lu

Iwwer den Auteur Jemp Schuster (*29.2.1948)

De Jemp Schuster ass bekannt als Acteur, Auteur, Kabarettist an Theaterregisseur. Hien huet Cabaretsprogrammer, Theaterstécker (ë.a. fir Fräiliichtspektakelen) a Kannertheater geschriwwen.

2020 ass de Roman Bluttsëffer bei der Imprimerie Centrale erauskomm, den éischte Band vun enger Familljesaga, déi 2021 mam zweete Band Ouereschlëffer ofgeschloss ginn ass. Fir Bluttsëffer krut hien de Lëtzebuerger Buchpräis a war fir de Servais-Präis nominéiert.

2023 huet de Roman Béischten bei Kremart Edition déi Success Story weidergefouert. Dofir gouf et de Publikumspräis beim Buchpräis an nees eng Nominatioun fir de Servais-Präis

Och deen neie Roman Spawecken spillt am Duerfmilieu, do wou de Jemp Schuster sech doheem fillt. Och hei hëlt hien de Lieser mat an e fiktiivt Duerf, mee an zwou verschidden Epochen.

Iwwer de Roman Spawecken

A Schmadds hirem Päsch zu Schëldref steet den Ampeljong, en uralen Nëssert. A sengem Schiet geschéie ganz kuriéis Saachen. De Karel – am Duerf gëtt en de klenge Schmadd genannt – léisst sech aus Virwëlz eng Kéier vum Bam falen. En huet Chance, et geschitt em näischt, mee a senger Visioun huet eng schéi wäiss Fra en an engem groussen, sëlwerege Spaweck opgefaangen.

Déi Fra begleet e wéi e Gespenst duerch seng Dreem an duerch säin Alldag. Mat siwwenzéng Joer fält de Karel eng zweete Kéier vum Bam. Do geet et schif. E sëtzt fir de Rescht vu sengem Liewen am Rollstull a muss sech nei orientéieren.

An enger Wiedernuecht am Joer 1988 schléit de Blëtz an den Nëssert. Beim Opraume maachen se eng Entdeckung, déi Schmadds hir Familljegeschicht an en neit Liicht réckelt. Kann et sinn, datt dem Ampeljong seng Wuerzele bis an den Drëssegjärege Krich reechen? Huet déi mysteriéis Fra wierklech existéiert? A wee war si?

Am éischten Deel si mer beim Schmadd zu Schëldfref an de Joren 1950 bis 1990. Den zweeten Deel hëlt äis mat an eng vun den däischtersten Zäiten aus der Geschicht. Am Drëssegjärege Krich, an de Jore 1630 bis 1648 a kuerz duerno, geschitt eppes an der Schmëdd, wat 350 Joer méi spéit nach ëmmer an deem Haus nowierkt.

​​​​​