
“Full House” oder éischter: “Full Scheier” fir déi offiziell Presentatioun vum Jemp Schuster sengem Roman “Spawecken”. E Freideg, den 8. Mee 2026 war et esou wäit, an der Thillenvogtei am wonnerschéine Randschelt huet den Auteur, deen aus der Regioun ass, säin neistent Wierk virgestallt an natierlech och doraus gelies. Invitéiert haten d’ASBL “De Schankemännchen” an de Verlag Kremart Edition, dat Ganzt am Kader vun der Ausstellung “KulturDuerf Randschelt”, organiséiert vun der Gemeng Groussbus-Wal an der “Aktiounsschmëtt”. Fotoen: Andreas Schindler, Monique Reinard-Klees, Jérôme Netgen.