Bucktugou: Mini Texter fir déi jonk Lieser a Lieserinnen
Den Numm ass Programm: Bucktugou … eng Taass Literatur fir matzehuelen! Et kéint een och soen: D’Bucktugoue sinn d’1-Euro-Bichelcher vu Kremart. Jo, genee, Dir hutt richteg gelies: Ee Bucktugou kascht een Euro! Een Euro fir e kuerzt an intensiivt Andauchen an eng Geschicht, där hir Liesadauer esouguer vir um Cover steet. E bësse wéi bei de Serien op der Tëlee.
De Bucktugouen hiert Format ass esou gewielt, datt se quasi an all Täsch passen, eeben to go. D’Konzept derhannert ass net just dat vu knapper, praktescher, präiswäerter Literatur fir modern gestresste Leit, et geet vill méi ëm de Genoss vun engem literareschen Ausfluch an ëm d’Satisfaktioun, eng ofgeschlosse Geschicht, jo, e richtegt Bichelche gelies ze hunn. Fir erfuere Lieser geradesou wéi fir nei Lieser oder fir Leit, déi d’Sprooch eréischt léieren oder geléiert hunn, well d’Bucktugou-Storye sinn op Lëtzebuergesch.
Et gëtt zwou verschidden Zorte Bucktugou-Bicher: “Hot Coffee” ass fir grouss Lieser, “Hot Chocolate” ass fir jonk a fir grouss Lieser. Bis elo sinn 8 Geschichten erauskomm, hei geet et bei den Iwwerbléck, hei drënner stelle mer déi drài Geschichte fir jonk Lieser a Lieserinne vir:
Bucktugou (7), Hot Chocolate: Un deen Dag, wou ech Äuslänner gi sinn …
Un deen Dag kann ech mech nach ganz genau erënneren. Also, net un de genauen Datum. Éischter un de Moment. Un de Kader. Et war an der Schoul, bei engem fatzege Sträit an der Paus.
Tullio Forgiarini: Un deen Dag, wou ech Äuslänner gi sinn …
ISBN 978-2-919781-57-7, 13 Säiten, 7 Minutten, 1 Euro
Bucktugou (6), Hot Chocolate: Phantasialand
De Wee op Lëtzebuerg ass net ëmmer einfach. D’Weeër zu Lëtzebuerg sinn et och net ëmmer. Net wann ee Räfüjiä ass. Zum Gléck sot de Schoulmeeschter, den Här Schmitz, zum Anita: Schäiss drop. Du gees mat!
Tullio Forgiarini: Phantasialand
ISBN 978-2-919781-56-0, 20 Säiten, 9 Minutten, 1 Euro
Bucktugou (3), Hot Chocolate: Féiwer
D’Famill ass nuets mam Auto ënnerwee an den Tunn sëtzt an der leschter Rei an der Mall. Op eemol klëmmt en Tëntefësch aus enger Posch eraus a setzt sech einfach op en.
Luc Marteling: Féiwer
ISBN 978-2-919781-53-9, 8 Säiten, 3 Minutten, 1 Euro