De Pitt ass e Päiperlek

Léif alleguer, freet Iech op eng weider Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vun enger Geschicht vum Alex Latimer. Dem südafrikaneschen Auteur seng selwer geschriwwen a selwer gezeechent Déiere-Storye sinn einfach herrlech! Hei déi drëtt:

All d’Raupen op deem grousse grénge Blat dreemen dervun, immens schéi Päiperleken ze ginn.
All, ausser engem: dem Pitt.
De Pitt ass en unisse Raup an ass domat déck zefridden.
Mee wat geschitt mat em, wann e sech an e Päiperlek verwandelt?

Eng Geschicht, déi Freed mécht a Selbstvertraue gëtt.

Virgestallt gëtt dat neit Kannerbuch op enger Liesung vum Luc Marteling um Kanner- a Jugendbicherdag, den 31. Januar ëm 13h45 Auer zu Diddeleng am Kulturzenter opderschmelz.

Alex Latimer: De Pitt ass e Päiperlek
Iwwersetzung: Luc Marteling
ISBN 978-2-919781-79-9
32 Säiten, 20 Euro

Et ass no Ray – E klengt Insekt weist de Wee an De Friggi ass e Fräsch ewell déi drëtt Geschicht vum beléifte südafrikaneschen Auteur Alex Latimer, déi Kremart publizéiert. Ufank 2027 soll eng weider Iwwersetzung d’Quartett ofschléissen.

Ray – E klengt Insekt weist de Wee

De Friggi ass e Fräsch