Déi wouer Geschicht vun den Dinosaurier

Dat hei ass eng Geschicht iwwer d’Dinosaurier. Mee firwat ass dann en Hong um Buch?
Du fënns et geschwënn eraus …

E witzegen Tour duerch déi formidabel Welt vun den Dinosaurier.
Fir jidderee vu 4 Joer bis 250 Millioune Joer.

Kremart bréngt mat “Déi wouer Geschicht vun den Dinosaurier” eng nei Iwwersetzung vun engem Buch vum belschen Auteur Guido Van Genechten eraus. Scho seng Geschichten “Däerf ech an deng Lomp luussen?”, “Däerf ech an däi Bett luussen?”, “De Geescht Gubi”, “Dee klenge wäisse Fësch” an “Potti-Musek” (leider vergraff) hunn zu Lëtzebuerg begeeschtert.

Déi wouer Geschicht vun den Dinosaurier
Text an Zeechnungen: Guido Van Genechten
ISBN 978-2-919781-72-0, 28 Säiten, 18 Euro