Wat? Wéi? Wou? Mäi Billerlexikon: Fäertereg, rosen, frou sinn

Eng Fortsetzung fir eis beléifte Serie “Wat? Wéi? Wou?”:

Wat heescht et, gutt gelaunt ze sinn?
Wéini musse mir kräischen?
A firwat ass een heiansdo déck rosen?

Grad nach schwäiwëll an elo schonn nees iwwerglécklech: e flotten Tour op der Achterbunn vun de Gefiller, fir se kennen ze léieren a fir se ze verstoen – mat de passende Bezeechnungen op Lëtzebuergesch.

Mäi Biller-Lexikon Fäertereg, rosen, frou sinn

Illustratioun an Text: Doris Rübel · Iwwersetzung: Luc Marteling
Originaltitel: Wieso? Weshalb? Warum? junior: Ängstlich, wütend, fröhlich sein
Copyright vum Original: Ravensburger Verlag GmbH, Ravensburg (Däitschland), 2010.
Copyright vun der lëtzebuergescher Iwwersetzung: Kremart Edition S.à r.l., 2024. An Italie gedréckt.

ISBN 978-2-919781-66-9 • 16 Säiten • 16 €

 

Iwwer d’WWW-Serie

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Esou heescht dës Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttelt. An dat op eng spilleresch Aart a Weis:
• mat groussen an eendeitege Biller,
• mat kuerzen an einfachen Texter,
• mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.

Biller-Lexikon fir Kanner vun ongeféier 2 bis 4 Joer
• Faarweg, praktesch, informativ
• Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen
• Mat bequeemer Spiralbindung