Vill Gléck fir däi Gebuertdag, Elmar!
Den Elmar huet Gebuertsdag an d’Elefante wëllen him eng spillen: Si wëllen him eréischt ganz spéit wënschen. Ob dat wierklech esou eng gutt Iddi ass? Net datt si sech um Enn nach selwer erageluecht hunn …
Eng witzeg Déieregeschicht iwwer mënschlech Schwächten – natierlech mat engem Happy End an engem groussen Happy-Birthday-Kuch!
Kremart bréngt dës Geschicht am Joer 2019 eraus, well dee faarweg karéierten Elefant vum David McKee an deem Joer säin 30. Gebuertsdag feiert. Wéi all déi aner Elmar-Geschichten huet de Luc Marteling och dës Aventure iwwersat.
David McKee: Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar!
ISBN 978-99959-39-88-5, 12,95 Euro
Den ELMAR ass jo zu Lëtzebuerg immens populär, disponibel sinn nach dës Geschichte vun him:
Den Elmar an dee Friemen, ISBN 978-99959-39-86-1
Den Elmar an de Reebou, ISBN 978-99959-39-87-8
Den Elmar an de Päiperlek, ISBN ISBN 978-99959-39-85-4
Den Elmar an de Super El, ISBN 978-99959-39-28-1
Den Elmar an d’Course, ISBN 978-99959-39-27-4
Den Elmar an d’Iwwerschwemmung, ISBN 978-99959-39-26-7
Den Elmar an d’Walen, ISBN 978-99959-39-25-0
Den Elmar an dee grousse Vugel, 978-99959-39-24-3
Den Elmar, 978-99959-830-7-9
All Buch kascht 12,95 Euro.
Och nach ze kréien ass: Mäin Elmar – E Buch wéi en Elefant, ISBN 978-99959-39-39-7, 10 Säiten aus Kartong, fir nëmmen 12 Euro.
Nach just e puer Kopien hu mir vun (maacht Iech also bäi):
Den Elmar am Schnéi, ISBN 978-99959-39-23-6
Den Elmar an d’Schlaang, ISBN 978-99959-39-22-9
Fir den Elmar ze feieren, hu mir och e flotten ELMAR-Pouster am DinA1-Format gemaach … interesséiert? Schreift eis!