Wat? Wéi? Wou? Mir léieren eise Kierper kennen
E weidert Buch an eiser beléifter Serie “Wat? Wéi? Wou? Mäi Billerlexikon”, dës Kéier am XL-Format: De Band “Mir léieren eise Kierper kennen” ass nämlech extragrouss: 24,5 op 28 cm! Eis regulär Bänn si “just” 18 x 20 cm grouss. Vun deenen hu mir der iwwregens nach just dräi op Lager: D’Dinosaurier, Fäertereg, rosen, frou sinn an Wat iesse mir?.
Elo awer hannescht bei “eise Kierper”:
- Wéi gesi meng Schanken aus?
- Firwat brauche mir Muskelen?
- Wat ass den Hick?
- A firwat kann ech d’Zänn wéi kréien?
Kucken a lauschteren, schmaachen a richen, sech beweegen: Mir maachen dat alles vum selwen, mee esou selbstverständlech ass dat guer net. Dofir ass et gutt, säin eegene Kierper ze kennen – vun de Schanken iwwer d’Verdauung bis bei d’Gefiller. Eng Entdeckungsrees duerch en “Ech”, op Lëtzebuergesch.
Wat? Wéi? Wou? Mäi Billerlexikon: Mir léieren eise Kierper kennen
Text an Illustratioun: Doris Rübel, Iwwersetzung: Luc Marteling
16 Säiten, 18 Euro, ISBN 978-2-919781-78-2
Vivi Kremart 2025
IWWER D’SERIE
Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Esou heescht dës Serie vu Vivi Kremart, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttelt. An dat op eng spilleresch Aart a Weis:
- mat groussen an eendeitege Biller,
- mat kuerzen an einfachen Texter,
- mat e sëllege stabille Klappen, déi fir vill Liesfreed suergen.
Eis Biller-Lexikone si fir Kanner vun 2 bis 4 Joer:
- faarweg, praktesch, informativ,
- Kartongssäite mat villen Detailer fir opzeklappen,
- mat bequeemer Spiralbindung.
Maacht Iech bäi, eis WWW-Biller si reegelméisseg no kuerzer Zäit vergraff … Am Laf vun 2026 erschéngt iwweregens: Hëllefen, deelen, sech verdroen. Freet Iech drop!
Wéi eng WWW-Bicher sinn nach ze kréien?
Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: D’Dinosaurier
Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Wat iesse mir?
Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Fäertereg, rosen, frou sinn
Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Mir léieren eise Kierper kennen
Wéi eng WWW-Bicher sinn ewell vergraff?
Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Meng Welt
Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon: Ech ka schonn zielen