Genéisst d’Liesen!

Fir de Summer oder fir de verlängerte Weekend elo, wann Dir éieren d’Bréck maacht, hu mir déi richteg literaresch Passe-partouten:

  • 20 SMART-Bicher, déi antëscht iwwer 27.000 verkaaft goufen! D’Serie gouf am Summer 2017 ofgeschloss, ma mir hunn nogedréckt an all eenzelt Buch ass nach ze kréien, iwwregens och an enger wäisser oder schwaarzer Box, déi gratis ass, frot an Ärer Librairie oder besicht eis op engem Stand, z.B. um lokale Maart an de Rotonden Enn September. Nieft dem Smart-Set gëtt et och e Smart-Coffret mat enger Magnum Riesling vu KOX, genannt: Eng gutt Lies!
  • 5 TIMBA-Bicher, déi am Summer 2018 als Nofollger fir d’Smart-Bicher virgestallt goufen. D’Serie Timba gëtt am Hierscht elo weidergefouert an Ufank 2020 sollen nach eemol nei Timba-Bicher erauskommen. Si si genee esou flott ze liesen a souguer nach méi flott ze kucken ewéi d’Smart-Bicher.
  • 5 BUCKTUGOU-Bicher (1-3 an 4-5), fir kuerz literaresch Ausflich bei enger Taass Kaffi oder engem Schocki oder natierlech engem Cocktail, Long Drink oder Pättchen respektiv (Miseler) Wéngchen. Fir nëmmen 1 Euro!