De Kremart-Katalog 2023 fir erofzelueden

Eng grouss 10 steet um Cover vum neie Katalog vu Kremart. Firwat? Ma et ass de Katalog fir 2023 an 2023 feiert dee klenge Verlag scho seng 10 Joer! Dorop gëtt dann och direkt am Virwuert agaangen. Iwwerschrëft: “Wat opweises?!”

Natierlech gëtt de Katalog och en Iwwerbléck iwwer sämtlech Bicher, déi aktuell nach vu Kremart ze kréie sinn – vun de Kannerbicher, mat deenen et lassgeet, bis bei d’Bicher fir déi Grouss. An der Mëtt ginn eis Topp-Serië mat Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch virgestallt: Smart & Timba.

De Katalog kritt Der an eenzele Librairien, Dir kënnt en awer och beim Verlag bestellen oder hei kamoud eroflueden.

Vill Spaass beim Bliederen!
An, pssst, um Wupp gëtt et och ewell en Ausbléck op d’Nouveautéite vun 2023 …

DOWNLOAD: Kremart-Katalog 2023 (PDF)

 

Hei e puer Andréck aus dem 2023er-Katalog vu Kremart: