Dem Jemp Schuster seng “Spawecken”: Schwäiz, Randschelt, Topaze, Belle Étoile asw.
D’Netz vun de “Spawecken” gëtt ëmmer méi grouss, dem Jemp Schuster säin neie Roman ass zerguttstert lancéiert, dat ass dat mannst, wat ee ka soen! Hei e klengen Iwwerbléck:
- Enn Abrëll gouf et eng Avant-première vun de “Spawecken” am schwäizeresche Fribourg:
Kremart Edition S.à r.l. | Avant-première: “Spawecken” an der Schwäiz virgestallt
- Den 8. Mee war dunn déi offiziell Buch-Presentatioun zu Randschelt, mat Liesung, Vente a Signaturen. Heidrënner e sëllege flott Andréck vun der voller Thillenvogtei:
Video-Andréck vu Randschelt (via Facebook), vum Monique Reinard-Klees
Kremart Edition S.à r.l. | Spawecken: Virstellung a Liesung zu Randschelt, Fotoe vum Andreas Schindler, Monique Reinard-Klees a Jérôme Netgen
- Signéierstonne sinn der direkt zwou an de Librairien Ernster virgesinn:
– Samschdeg, de 16. Mee vu 15 bis 17 Auer zu Miersch am Ernster am Topaze
Book signing | Jemp Schuster, Spawecken – ernster
– Samschdeg, de 6. Juni vu 15 bis 17 Auer am Ernster an der Belle Étoile
Booksigning | Jemp Schuster, Spawecken – ernster
- An da geet de Jemp Schuster och nees op Tournée. Nach eng Liesung gëtt et virum Summer, esou richteg lass geet et dann am Hierscht … an nach stinn net all d’Datumer fest. Esoubal mer méi Detailer hunn, liwwere mer déi no:
13.06.26 Maartel/Leekaulen
17.09.26 Waasserbëlleg/Bibliothéik
20.09.26 Lecture-Apéro Ollem/Schéimerech
22.09.26 Ettelbréck/Bibliothéik
24.09.26 Biekerich/Kulturmillen
30.09.26 Zéintscheier/Gréivemaacher
01.10.26 Käerjeng/Kéinzeg
02.10.26 Gemeng Useldeng/Manukultura
06.10.26 City Bibliothéik/Lëtzebuerg
18.10.26 Maarnech/CUBE
22.10.26 Schengen/Domaine Ruppert
29.10.26 Péiteng/WAX
10.11.26 Mondorf/
13.11.26 Préizerdaul/Brennerei Schreiber
18.11.26 Dikrich/Al Kierch
(21.11.26 Walfer/Bicherdeeg)
26.11.26 Kaalmes/Al Molkerei
28.01.27 Stengefort
01.03.27 Déifferdeng/Aalt Stadhaus
Nach an der Maach sinn:
Trifolion, Iechternach
Buerschent/Schlassfrënn
Helleng/Camille Kerger
Stued Theater, Maacher
Infoen iwwer d’Buch selwer gëtt et an eiser Rubrik “Bicher”.