Dem Jemp Schuster seng “Spawecken”: Schwäiz, Randschelt, Topaze, Belle Étoile asw.

D’Netz vun de “Spawecken” gëtt ëmmer méi grouss, dem Jemp Schuster säin neie Roman ass zerguttstert lancéiert, dat ass dat mannst, wat ee ka soen! Hei e klengen Iwwerbléck:

  • Enn Abrëll gouf et eng Avant-première vun de “Spawecken” am schwäizeresche Fribourg:

Kremart Edition S.à r.l. | Avant-première: “Spawecken” an der Schwäiz virgestallt

  • Den 8. Mee war dunn déi offiziell Buch-Presentatioun zu Randschelt, mat Liesung, Vente a Signaturen. Heidrënner e sëllege flott Andréck vun der voller Thillenvogtei:

Video-Andréck vu Randschelt (via Facebook), vum Monique Reinard-Klees

Kremart Edition S.à r.l. | Spawecken: Virstellung a Liesung zu Randschelt, Fotoe vum Andreas Schindler, Monique Reinard-Klees a Jérôme Netgen

  • An da geet de Jemp Schuster och nees op Tournée. Nach eng Liesung gëtt et virum Summer, esou richteg lass geet et dann am Hierscht … an nach stinn net all d’Datumer fest. Esoubal mer méi Detailer hunn, liwwere mer déi no:

13.06.26           Maartel/Leekaulen

17.09.26           Waasserbëlleg/Bibliothéik
20.09.26           Lecture-Apéro Ollem/Schéimerech
22.09.26           Ettelbréck/Bibliothéik
24.09.26           Biekerich/Kulturmillen
30.09.26           Zéintscheier/Gréivemaacher

01.10.26           Käerjeng/Kéinzeg
02.10.26           Gemeng Useldeng/Manukultura
06.10.26           City Bibliothéik/Lëtzebuerg
18.10.26           Maarnech/CUBE
22.10.26           Schengen/Domaine Ruppert
29.10.26           Péiteng/WAX

10.11.26           Mondorf/
13.11.26           Préizerdaul/Brennerei Schreiber
18.11.26           Dikrich/Al Kierch
(21.11.26         Walfer/Bicherdeeg)
26.11.26           Kaalmes/Al Molkerei

28.01.27           Stengefort

01.03.27           Déifferdeng/Aalt Stadhaus

Nach an der Maach sinn:

Trifolion, Iechternach
Buerschent/Schlassfrënn
Helleng/Camille Kerger
Stued Theater, Maacher

Infoen iwwer d’Buch selwer gëtt et an eiser Rubrik “Bicher”.