Spezialpräis vum Jury fir “La dame à la mise en plis mauve” vum Laurence Klopp

D’Walfer Bicherdeeg 2014 si fir Kremart Edition ganz flott ugaangen, well d’Buch vum Laurence Klopp krut um Owend vum Lëtzebuerger Buchpräis ee vun zwee Spezialpräisser vum Jury. (Deen anere Präis war fir „Den Eppes“ vum Jhemp Hoscheit an Dorota Wünsch.)

Dono ware mir mat engem klenge Stand zu Walfer an der Hal 2 – wéint engem décke faarwegen Elmar-Elefant ware mir awer net ze iwwersinn 🙂

All deenen, déi eis besiche komm sinn, een décke Merci – ee ganz besonnesch décke Merci un d’Walfer Gemeng fir hiren Asaz!

La_dame_a_la_mise_en_plis_mauve_AUTEURES