De bloen Adventskalenner mat Kannerbicher

24 Dierercher.
Mat 24 Bichelcher.
Mat 24 anere Märercher.
Op Lëtzebuergesch!

Well den (rouden) Adventskalenner mat Kannerbicher vu Kremart 2022 esou en enorme Succès hat, huet de Verlag decidéiert, fir 2023 dee rouden net nëmmen nozedrécken, mee och nach ee bloen erauszebréngen – natierlech mat anere Geschichten an nees zesumme mam englesche Verlag Usborne.

D’Format vu béide Kalenneren ass identesch: 42 cm héich an 30 cm breet. A se weie bal 1.300 Gramm! Dat Bescht ass awer dat, wat sech hannert de 24 Diere verstoppt: 24 kleng Bichelcher mat allkéiers enger Geschicht dran, nämlech engem flotte Märchen oder enger flotter Geschicht op Lëtzebuergesch!

Hei e Bléck an déi englesch Versioun vum roude Kalenner vun Usborne:

De bloen Adventskalenner mat Kannerbicher
24 aner Märercher op Lëtzebuergesch
ISBN 978-2-919781-50-8
27 Euro

 

HIWEIS:

Déi zwee Adventskalennere vu Kremart missten elo an deene meeschte Librairien ze kréie sinn. Och op letzshop.lu si se ze fannen a se kënnen och beim Verlag selwer bestallt ginn (am beschte via Mail op kontakt@kremart.lu). Mir hunn och wëlles, den Adventskalenner mat op d’Walfer Bicherdeeg den 18. an 19. November ze huelen.

Well et 2023 zwee Adventskalennere gëtt, ee rouden an ee bloen, hu mer den Titel vum 2022er-Kalenner ugepasst, fir datt ee se net esou séier verwiesselt: De rouden Adventskalenner mat Kannerbicher & De bloen Adventskalenner mat Kannerbicher. Natierlech hu se ënnerschiddlich Bichelcher hannert hiren Dieren!

 

Hei geet et bei De rouden Adventskalenner mat Kannerbicher: