Nees vun Oktober 2023 un: De rouden Adventskalenner mat Kannerbicher
24 Dierercher.
Mat 24 Bichelcher.
Mat 24 Märercher.
Op Lëtzebuergesch!
“De rouden Adventskalenner mat Kannerbicher”, esou heescht deen Adventskalenner, dee Kremart Enn 2022 fir déi éischte Kéier erausbruecht huet – zesumme mam englesche Verlag Usborne.
—————————————————————————————————-
Hei e Bléck an déi englesch Versioun vum Kalenner:
—————————————————————————————————-
D’Format vum Kalenner ass grouss: 42 cm héich an 30 cm breet. An e weit bal 1.300 Gramm! Dat Bescht ass awer dat, wat sech hannert de 24 Diere verstoppt: 24 kleng Bichelcher mat allkéiers enger Geschicht dran, nämlech engem flotte Märchen op Lëtzebuergesch!
Vum Aladin iwwer d’Dschungelbuch bis bei de Pinocchio,
vum Nëssknacker iwwer d’Chrëschtgeschicht bis Zwiefel Deeg Chrëschtdag:
Dës 24 Geschichte verstoppe sech hanner de 24 Dierercher!
De rouden Adventskalenner mat Kannerbicher
24 Märercher op Lëtzebuergesch
Vivi Kremart
ISBN 978-2-919781-60-7
27 €
WICHTEGEN HIWEIS
Eisen Adventskalenner war 2022 eenzock ausverkaaft. Et gouf en ausnamsweis exklusiv do, wou et Bicher gëtt, dat heescht an de Librairien, an eenzele Supermarchéen (Cactus) an a verschiddenen Zeitungsbuttiker (Kiosken).
D’Nofro war direkt esou grouss, datt de Verlag selwer keng konnt verkafen – mir bieden dat ze entschëllegen.
2023 wëlle mer dat besser maachen! Vu Mëtt Oktober un dierft de Kalenner no an no iwwerall ze kréie sinn, och beim Verlag selwer. Natierlech ass et méiglech, e scho VIRZEBESTELLEN, an de Librairien oder beim Verlag (am beschte via Mail op kontakt@kremart.lu).
Well et 2023 zwee Adventskalennere gëtt, ee rouden an ee bloen,
hu mer den Titel ugepasst, fir datt ee se net esou séier verwiesselt:
De rouden Adventskalenner mat Kannerbicher & De bloen Adventskalenner mat Kannerbicher. Natierlech hu se ënnerschiddlich Bichelcher hannert hiren Dieren!
Hei geet et bei de bloen Adventskalenner.
Heidrënner déi 4 Säite mat den Diere vum roude Kalenner: