De “SichMech” am “Wort”!

Am Säitekapp stoung “Weekend” an dat huet genee gepasst: Um Samschdeg, 21. November gouf am “Lëtzebuerger Wort” den “SichMech an der Béchs” virgestallt.

Dëst Memo-Spill mam Titel “Weltall-Zoo” baséiert op dem Buch vum Lara Marteling “Weltall-Zoo – Rees op e Planéit mat onbekannten Déieren” a ka mat 2 oder 3 Kaarte pro Motiv gespillt ginn …

Zu Walfer ass de Weltall-Zoo ganz gutt ukomm 🙂

An: Et gi maximal 200 Exemplairen. Falls Dir nach op der Sich no engem originelle Kaddo sidd, da maacht Iech bäi …

IMG_2489