Manuskripter: E puer Erklärungen

Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Autorinnen an Auteuren,
Léif Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller,
Léif Frënn vun der Literatur,
Léif Frënn vu Kremart Edition,
Léif Lieser alleguer,

mir goufen, zanter datt mer als Verlag existéieren, iwwerrascht – jo, mir ginn et gären zou – vun der Quantitéit vu Manuskripter, mat där mir quasi Woch fir Woch konfrontéiert ginn. Et ass scho cool ze gesinn, wéi vill Leit sech awer nach fir Bicher, Geschichten a Literatur interesséieren an aktiv doru partizipéiere wëllen. E grousse MERCI dofir an och e grousse MERCI och fir dat VERTRAUEN, dat Dir Bicherauteuren in spe eis schenkt, andeems Dir eis eng Iddi matdeelt, en Text mailt, e Manuskript schéckt, Illustratioune proposéiert!

Mir verspriechen Iech, datt mer all Manuskript KUCKEN – och wann et eis natierlech net méiglech all, all Manuskript vu vir bis hannen ze liesen an och nach allkéiers e geneeën Argumentaire matzeliwweren. Mir bieden dofir ëm VERSTEESDEMECH, ma dat ass eis aus Zäitnout a Personalmangel wierklech net méiglech. Mir funktionéieren als klenge Verlag ouni feste Staff, déi dräi Grënner geréieren – wann een esou wëll – Kremart niewelaanscht, dofir kënne mer wierklech just eng BEGRENZTEN ZUEL vu Projeten d’Joer unhuelen respektiv realiséieren. Nieft de Ressources humaines sinn och eis finanziell Spillraim (leider) net onendlech – fir et elo mol ganz euphemistesch auszedrécken … Et gëtt wuel Ënnerstëtzungen (uff), ma och déi si limitéiert an u Konditioune geknäppt.

Hutt dofir och w.e.g. Versteesdemech, wann et alt heiansdo Méint DAUERE kann, bis mer eng definitiv Äntwert op e Projet kënne ginn. Nofroen ass natierlech erlaabt 😉

Et kënnt och alt emol vir, datt eis Iddie gutt gefalen, datt se eis awer aus diverse Grënn net realisabel schéngen – ze kuerzfristeg, ze opwänneg, ze deier, ze vill aner Projeten oder well se net direkt an eise Programm passen; dat deet eis dann duebel leed, ma als Editeur soll ee versichen, realistesch ze bleiwen (bon, dacks genuch si mer et – zum Gléck – jo net). An ze gären ënnerschätzt een och den Opwand, deen et kascht, e Buch erauszebréngen, well Text a Biller oder Fotoe sinn zwar eng Conditio sine qua non, ma si si just deen éischte Step an enger ganzer Chaîne: Dono kommen d’Produktioun an dann d’Diffusioun inkl. Vermaartung, déi allebéid genee esou opwänneg kënne si wéi deen éischte Schrack.

Dofir nach eemol: Mir FREEËN eis iwwert ÄREN INTERESSI, ma mir kënne beim beschte Wëllen net alles unhuelen. Nieft de qualitative Critèrë spillen och perséinlech Virléifte mat, ausserdeem, wéi hei driwwer geschriwwen, zäitlech a finanziell a wirtschaftlech Contrainten. Da ginn et Serien, déi mer ugefaangen hunn an un deene mer weiderschaffe wéilten … a ganz heiansdo wëlle mer eis och de Luxus erlaben, nees un EEGENE BICHER ze schaffen – a sief et nëmmen, fir empathesch bleiwen ze kënnen.

Ganz niewebäi bemierkt: Eng Partie Manuskripter, mat deene mer iwwerrascht goufen, gëtt et antëscht schonn als Buch! Wer nicht wagt, der nicht gewinnt. Oder: La chance sourit aux audacieux, qui ne tente rien n’a rien. Also: Sapere aude!

Erreeche kënnt Dir eis via Telefon, E-Mail an traditionelle Courrier oder Dir kommt no enger Liesung bei eis oder besicht eis op engem Stand. Mir wënschen Iech vill Inspiratioun bei der Kreatioun a vill Freed mat (eise) Bicher!

Mat literaresche Gréiss

Christiane, Viviane, Luc
d’Equipe vu Kremart Edition