Vill Kanner beim “Gepléischters” zu Lënster

Et war déi offiziell Virstellung vum “Plooschterbuch”, dat eigentlech “Blosen, tréischten, Plooschter drop” heescht a 5 Spill-Plooschteren enthält: Iwwer 40 Kanner waren e Samschdeg de Moien, 25. Juni nees an d’Lënster Bibliothéik am Centre culturel “am Duerf” op eis Liesung komm – déi Kéier fir déi blesséiert Déieren ze tréischten an ze pléischteren … Wat eng Freed!

FullSizeRender

Natierlech huet d’Plooschterbuch net eleng fir Ënnerhalung gesuergt: Och déi kleng Prinzessin, déi net an d’Bett wëll, war nees um Rendez-vous, ausserdeem d’Buedwaassa-Monsta, dat ënnert der Bidde lieft, den Elefant Elmar an d’Raup Lalumi.

IMG_0341

Gelies hunn d’Christiane Kremer an de Luc Marteling, ënnertstëtzt vum Mika.

An et huet vill Spaass gemaach, well Dir zu esou vill komm sidd. Mir freeën eis schonn op déi nächst Liesung an der Lënster Bibliothéik!

20160625_112102_resized

 

20160625_112429_resized

 

20160625_112058_resized