“Net nëmme flott opgemaach”

Grouss war eis Freed, wéi mir um Samschdeg, 2. Juli am Lëtzebuerger Wort dem Jeff Baden seng Rezensioun iwwer déi 4 neiste Smart-Bicher gelies hunn. Den Titel dovu war: “Net nëmme flott opgemaach”. An an der Intro war ze liesen: “Dës flott opgemaachten an editoresch gefleegt literaresch Rei […] presentéiert bis ewell onverëffentlecht modern Texter vu bekannten, awer och dacks ganz neien, zum Deel och méi jonken Auteuren.”

art-2

Iwwregens: Eent vun deene neie Smart-Bicher huet et och schonns op d’Bestsellerlëscht gepackt. Felicitatioun 🙂

best-extrait