Flott Feedbacken: Dat mécht Freed!

Op der Bestseller-Lëscht fir de Mount August waren déi 4 nei Smart-Bicher alleguer vertrueden: Nummer 14 vum Luc Belling, Nummer 15 vum Tullio Forgiarini, Nummer 16 vum Karin Goedert an Nummer 17 vum Nico Helminger. Dat ass natierlech cool 🙂

Natierlech si sämtlech Smart-Bicher vun 1 bis 17 nach ze kréien!

Smartbooks_1-17

Frou gemaach huet eis och dat, wat de Jeff Baden am Wort iwwert “Allen Ernstes” vum Maryse Krier geschriwwen huet, bekanntlech eist drëtt Buch an der Kanephora-Rei:

Kremart-Kanephora-1-2-3 LW-Allen-Ernstes

 

Och eist “Plooschterbuch” koum am Wort gutt ewech – kee Wonner, d’Buch mat de 5 Spillplooschteren dran ass deen Hit bei eise Liesungen …

LW-Plooschterbuch

Op der Bestsellerlëscht warem och 2 Elmar-Geschichten – antëscht gëtt et der 7 an och wann d’Nilpäerd wuel geschwë vergraff sinn, esou kommen am Hierscht nei Geschichten: “Den Elmar an d’Iwwerschwemmung” an e Buch mat Musek, “Dem Elmar säin Orchester” …

ELMAR7okay Bestseller-August