Op der Buchmesse fonnt: Eist “Häerz”

Am Oktober 2015 hat Kremart zu Frankfurt op der Buchmesse e Buch erbléckt, dat direkt e “Coup de coeur” war: “Dans mon petit coeur” huet et passenderweis geheescht a war vum Jo Witek (Text) a Christine Roussey (Illustratiounen) bei de franséischen Éditions de La Martinière Jeunesse erauskomm. Et handelt sech ëm eng méi opwänneg Produktioun, well am Mëttelpunkt vum Buch steet en Häerz, dat aus all Säit gestanzt gouf, ëmmer eng Nummer méi kleng, fir um Enn esou e faarwegen Effekt ze erreechen, datt de Bléck direkt captéiert an d’Häerz direkt beréiert gëtt …

haerz01

No e bësselchen Hin an Hier konnt Kremart Edition d’Rechter kafen an d’Christiane Kremer d’Buch op Lëtzebuergesch iwwersetzen.

haerz04

A kuck do: Op der Frankfurter Buchmesse 2016 stoung déi lëtzebuergesch Versioun schéi brav an der éischter Rei vum Stand vun “La Martinière Groupe”. Nieft e sëllechen aneren Iwwersetzungen, wéi eis Fotoen hei beweisen, well d’Buch ass quasi e globale Bestseller … Dir kënnt Iech virstellen, wéi frou eis dat gemaach huet! Natierlech hoffe mir, datt dat klengt Häerz mat deem turbulenten Inhalt och zu Lëtzebuerg gutt ukënnt!

haerz05

“A mengem klengen Häerz” kënnt Ufank November 2016 offiziell zu Lëtzebuerg eraus. Ass dann natierlech an de Librairien a beim Verlag ze kréien a gëtt och um Salon TOP KIDS de 5. a 6. November an der Luxexpo presentéiert.

haerz02
A mengem klengen Häerz
Jo Witek (Text) a Christine Roussey (Illustratiounen)
Iwwersetzung: Christiane Kremer
ISBN 978-999-59-39-36-6, 28 Säiten, 18 Euro

 

Iwwregens, d'”Häerz” ass en Deel vun enger ganzer SERIE (op Franséisch):

 

  • Le ventre de ma maman
  • Les bras de papa
  • Dans mon petit coeur
  • Ma boîte à petits bonheurs
  • Mes petits peurs
  • Ma petite chambre
untitled-1

An dat Schéinst dovu gëtt et dann elo och op Lëtzebuergesch 🙂

amengemklengenhaerz1