Lënster Bibliothéik: 5 Kanner-Liesunge fir 10 Joer

D’Lënster Bibliothéik feiert Gebuertsdag an de Verlag Kremart Edition feiert mat: Zesummen invitéiere si op fënnef Lies-Matinéeë fir Kanner, allkéiers op engem Samschdegmuere vun 10.30 Auer un an allkéiers an der Lënster Bibliothéik am Kulturzenter „Am Duerf“ zu Jonglënster an der Rue du Village. Den Entrée ass fräi!

P R O G R A M M

Samschdeg, 23. Mäerz um 10h30: Eng Liesung fir déi ganz Kleng (Précoce a Cyclen 1.1 an 1.2) mat dëse Bicher: „D’Sich vum Pappa Séipäerdchen“, „Jidderee gaapst“, „Blosen, tréischten, Plooschter drop“ an „Weltall-Zoo“.

– Virum Centre culturel ass dee Moien och Maart!

Samschdeg, 1. Abrëll um 10h30: Eng Liesung fir déi méi Grouss (Cyclen 3.1 bis 4.2) mat enger Kannergeschicht vum Josy Braun, engem Auszuch aus dem Werner Schrader sengem Buch „Billo Knief, der Mann mit den schnellen Messern“ (op Däitsch), dem Buch „D’Linn Lynn“ vum Luc Marteling an enger neier, nach net verëffentlechter Geschicht vun him.

– Jidderee kritt e Glas Jus an eng Mëtsch!

Samschdeg, 29. Abrëll um 10h30: Eng Liesung fir kleng a grouss Prinzessinnen: D’Christiane Kremer liest 3 Geschichte vun der „Klenger Prinzessin“: „Ech wëll net an d’Bett!“, „Mir ass et schlecht!“ an déi nei Geschicht „Ech wëll meng Hänn net wäschen!“

– Virum Centre culturel ass dee Moien och Maart!

Samschdeg, 13. Mee um 10h30: Eng Liesung fir all d’Kanner, déi frou si mat Déieren a mat der Natur! Gelies ginn „De Poli an d’Maisy“, „De Schudder-Schusch“, „De Kueb Kuiitsch“ a Geschichte vun der klenger Raup „Lalumi“.

– Jidderee kritt e Glas Jus an eng Mëtsch!

Samschdeg, 27. Mee um 10h30: De 27. Mee ass dee groussen Elmar-Dag an dofir gëtt et dann och lauter Geschichte vum faarwegen Elefant, dorënner och eng ganz nei: „Den Elmar an d’Course“.

– All Kand kritt en Elmar-Kaddo! A virum Centre culturel ass dee Moien och Maart!

Weider Infoen an der Lënster Bibliothéik oder op kremart.lu.

Flyer_Kannerliesungen_1 IMG_4591 Flyer_Kannerliesungen_2