Liesung a Concours: Kremart feiert den Elmar-Dag!

De Samschdeg, 27. Mee feiert den englesche Verlag vum David McKee sengen Elmar-Bicher, Andersen Press, den “Elmar-Dag”, bei hinnen da logescherweis “Elmer Day” genannt.UK-Silhouette-new2

Si hunn dofir dem ganze Land en Elmar-Look verpasst 🙂

Esou wäit gi mir bei Kremart Edition net, ma well bei eis den Elmar Lëtzebuergesch geléiert huet, feiere mir awer mat!

Zum Beispill mat enger Liesung e Samschdeg, 27. Mee um 10.30 Auer zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik (am Centre Culturel “Am Duerf” an der Rue du Village). Gelies ginn direkt e puer Elmar-Geschichten, dorënner och déi ganz  nei: “Den Elmar an d’Course”.

Elmar-Course

 

Ma opgepasst: D’Liesung ass gratis an all Kand, dat lauschtere kënnt, kritt och e klenge Kaddo – en Elmar-Lieszeechen, en Elmar-Autocollant a vläit esouguer och nach en Elmar-Magnéit (op alle Fall esou laang mer der op Lager hunn).

An dee Moien ass zu Jonglënster virum Kulturzenter och nach Maart – ideal fir en Aperitif no der Liesung, wann d’Wieder matspillt. Weider Infoen hei.

Loscht op e Sak voll gratis Bicher? Da maac

ht mat!

Mir hunn eis awer nach eppes ausgeduecht: Déi Schoulklass, déi eis bis de 27. Mee eng Foto vun deem Elmar schéckt, dee si elo rezent gemoolt oder gebastelt huet, déi ka gratis Elmar-Bicher fir déi ganz Klass gewannen. Matmaache kënne Crèchen, Maison-Relaisen, Précocen, Spillschoulen a Grondschoule bis de Cycle 2.1. Einfach eng Foto vum Wierk an och eng vum Wierk mat den Artiste maachen an op kontakt@kremart.lu mailen. Am Verlag wiele mir déi schéinste Foto, also dee schéinsten Elmar op der Foto aus a vun der Gewënner-Klass kritt dann all Kand een Elmar-Buch gratis! Matmaache kann ee bis de Samschdeg, 27. Mee 12 Auer mëttes, de Gewënner gëtt vun eis kontaktéiert, Numm a Foto ginn dann och publizéiert an de Rechtswee ass ausgeschloss.

Bei Froen, einfach froen! 🙂

Elmar-Dag_Animatioun

 

Iwwregens:
Och an de Librairien ERNSTER gëtt den Elmar-Dag gefeiert.
Eng Visite deen Dag kéint sech nawell lounen 🙂

Erny Logoneues logo Ernster

An och an der LIBO zu Maacher gëtt den Elmar gefeiert!

libo.logo2_

 

Elmar-Dag_Datum