Elmar-Dag: Vill Elmar-Frënn zu Lënster :-)

An der Lënster Bibliothéik war et de leschte Samschdeg e bëssen enk: Do war nämlech en Elefant op Besuch an deen hat direkt e sëlleche Frënn matbruecht!

Mat enger Liesung gouf am Kulturzenter “Am Duerf” den Elmar-Dag gefeiert, deen éischten, deen offiziell am Grand-Duché ofgehale gouf! Eng 50 Kanner ware komm, fir Geschichte vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant nozelauschteren. Virgedroen huet se de Luc Marteling, deen ewell eng Partie Elmar-Bicher op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Als Erënnerung krut all Kand e klengen Elmar-Souvenir …

20170527_104203 20170527_104213 20170527_104217

D’Lënster Bibliothéik hat och hir Kollektioun un Elmar-Bicher presentéiert:

IMG_9749 IMG_9750

An dës zwee Elmar-Frënn hunn, wéi vill anerer och, zesumme mam Elmar fir eng Foto poséiert 🙂

IMG_9755